Actualité

Excellent 2. Plaz beim Concours Crème fraîche 2016!

Felicitatioune un d’Schüler aus der Optioun Reportage Video fir déi 2. Plaz beim Concours Crème fraîche an der Kategorie « 60 Sekonne Clip » fir hiren Kuerzfilm « King of the world »

  • Réalisatioun : Magali Speicher
  • Kamera : Louis Elsen
  • Montage : Magali Speicher
  • Schauspiller : Michel Muller, Sven Ulmerich (Ex-LGE an Ex-Uelzechtkanal-Schüler), Joaquim Becker
copyright Romain Girtgen (CNA)
copyright Romain Girtgen (CNA)

D’Aufgab war : E kuerze Clip vu maximal 60 Sekonnen ze realiséieren an deem folgend Elementer virkommen:

  • E Villchen
  • E Sonnebrëll
  • Persounen aus verschiddenen Generatiounen

Déi éischte Plaz geet dëst Joer un de Film « Angry Chick », wou mam Nina Bodry och eng Ex-LGE an Ex-Uelzechtkanalschülerin drun matgeschafft huet.

Kuckt hei d’Reportage vum Uelzechtkanal iwwer de Concours (mat deenen 3 Gewënnerclipen a voller Längt:

weider Infoen zum Concours : www.creme-fraiche.lu


Schon 2015 konnten Ex-UK-Schüler déi 2. Plaz am Concours beleëen: mam Clip « Ballhood » vum D´Antonio Ken, Di Vincenzo Daniel & Ulmerich Sven