Actualité

Schoulfest am LGE : Sport-Turnéieren – « Schlo de Proff » – Bicherfloumaart – Final Jam vol.3 a villes méi!



Bicherfloumaart am Préau : vun 09h40-13h00!!!

Dir fannt hei vill Romaner a Sachbicher zu engem gudde Präis. De Floumaart gëtt vun der Klass 41 gemaach an den Erléis geet un e United World College-Student fir him ze hëllefen seng Studien ze finanzéieren.


Schlo de Proff!!! ab 10h00 an der Sportshal

Erëm geet en Schouljoer zu Enn. Dëst Joer presentéiert den Lycée eng ganz néi Aktivitéit um Schoulfest, déi d’Optioun „Management du Sport“ an Liewen geruff huet. Hei bei handelt et sech em en Wettkampf teschend Proffen an Schüler, wou béid sech souwuel an intellektuellen wie och sportlechen Aufgaben miessen kennen. Dës nei Aktivitéit dréit den Numm ,,Schlo den Proff«  an ass vun der grousser däitscher TV Sendung ,,Schlag den Raab“ inspiréiert.

Wou? an Wéini?

Den 10 Juli, ab 10 Auer an der Sportshal.

Ween géint Wien?

Am ganzen trieden sech 6 Proffen an 6 Schüler géigeniwwer. (4 Männer an 2 Dammen)

Konzept?

Et sinn am ganzen 12 Aktivitéiten, dorënner 4 sportlech Wettkämpf, 4 Spiller an 4 Quizer.

Wat ass Ziel vun dësem néien Konzept?

An éischter Linn geet et drëm déi jong Spectateuren ze ënnerhalen an hinnen den leschten Schouldag méi interessant an witzeg ze gestalten. Dozou kennt dass Schüler och hier sportlech an intellektuell Stäerkten weisen kennen an villäicht géint deen oder aneren Proff eng Victoire eraus huelen kennen.