Actualité

Sprechtheater 2018/2019



Des hauts et des bas/ Höhen und Tiefen : Opféierung am LGE, de 6. Oktober 2018.

Eng Persoun virum Spigel. De Public kuckt hir beim Bléck op sech selwer iwwert d’Schëller. Wéi ginn ech e méiglechst gutt Bild vu mir of? Wie wëll ech sinn? Wéi gesäit mäi Géigeniwwer mech an ech hien oder hatt?

Et geet ëm Persounen, déi Haltung unhuelen, am eegentlechen an am iwwerdroene Sënn. Esou gëtt den Zuschauer matgeholl op en Tour duerch Héichten an Déifte vum Alldagsliewen: „Ein Rundgang durch aufrechte und gebeugte Lebenssituationen/ Un voyage à travers quelques situations de vie courbes, ou à redresser‟ sinn d’Episoden iwwerschriwwen, déi vum „Sprechtheater“-Grupp aus dem LGE den Owend vum 6. Oktober 2018 präsentéiert goufen.

Zu aacht hunn se déi kuerz Szeene gedroen: den David Da Silva (1A), d‘Laetitia Feller (1A), de Romain Haas (1A), d‘Lynn Marx (1A), d‘Lynn Reimen (3A), d‘Anna Renckens (3E), d‘Alexandra Sadler (3A) an d‘Anne Treinen (1A) hunn no der Dramaturgie vum Christiane Burton an ënnert der Regie vum Carla Lucarelli gespillt. D’Affiche wéi och d’Bühnebiller huet de Carlo Schmitz realiséiert.

Duerch d’Oftrennung vum Festsall gouf deen Owend an deem soss esou grousse Raum e ganz eegene Kader geschaf fir d’Opféierung. E Kader, an deem de Public sech vun deenen eeschte Momenter matzéie gelooss huet, an deem awer genee esouvill gelaacht gouf. Vum Ingrid Lausund hirem „Der aufrechte Gang“ an „Accessoires“ bei d’„Wunderübung“ vum Daniel Glattauer huet den Zuschauer fir d’éischt zwou Aarbechtskolleeginnen am Gespréich iwwert hir Liewens- a Beruffswënsch an duerno eng Koppel am Sträit bei d’Therapeutin begleet.

Fir d’Paus huet de Public sech op eng Pizza invitéiere gelooss, ier am zweeten Deel vum Theaterowend eng Studentin de Goethe héchstperséinlech an den Examen geschéckt huet (Egon Friedell an Alfred Polgar: „Goethe im Examen“). An de groussen Dichter wor nawell elle verwonnert iwwert déi Froen, déi déi haiteg Dozenten u seng Persoun stellen. A schliisslech si mer no Texter vum Jean-Michel Ribes („Ordre“, „Ouverture“ an „Parking“) enger Famill duerch de Musée nogaangen an hu gesinn, wéi si sech an den ausgestallten Artisten erëmgespigelt hunn. – Blouf hinnen all just nach nom Besuch um Parking den Auto erëmzefannen.