Actualité

Luxembourg Tech School Game Development Competition

37 Schüler aus dem LGE an aus dem LHCE, déi an der Optioun ”Luxembourg Tech School“ (kuerz LTS, www.techschool.lu) all zesummekommen, hunn elo bei engem Concours super ofgeschnidden.

De 26. Januar 2019 huet déi sou genannt ”3rd LTS Game Development Pitch Competition“ am Lycée des Arts et Métiers stattfonnt: hei hu 24 Gruppe vun 4-5 Schüler (dat woren eis 9 Gruppen a 15 aner Gruppen aus dem ganze Land) enger professioneller Jury hir Spiller virgestallt, déi se säit Oktober am Kader vun der Optioun programméiert hunn. An den LGE/LHCE huet 2 vu 4 (!) Präisser gewonnen:

  • De Präis vum BEST FUN GAME goung un d’Spill ”SLURP“ vum Natascha LIENERS (LGE), Julie THIES (LGE), Matis STEPHANY (LHCE) an Ruben SOUSA GONÇALVES (LHCE).
  • BEST EDUCATIONAL GAME gouf d’Spill ”CORPORUS“ vum Leon BLASEN (LGE), Lynn HOFFMANN (LGE), Eric PELLÉ (LGE), Sophie SAUBER (LGE) an Daniela MESQUITA CARRASQUEIRA (LHCE).