Actualité

29.03.2019 ab 19h30 : « MÄRD ALORS!!! » Eng bësseg Chronik mam Jhemp Hoscheit a Julien Arpetti


« Märd alors!!! » – eng bësseg Chronik – 2018 ënner d’satiresch Lupp geholl

Text: Jhemp Hoscheit  mam Jules Arpetti a Jhemp Hoscheit

 Freides, den 29. Mäerz 2019 am Festsall vum LGEsch – Apéro: 19.30, Ufank 20.00

No foffzéng Optrëtter uechtert d’Land, an dat mat groussem Publikumserfolleg, trieden déi zwee Artisten – Jhemp Hoscheit a Jules Arpetti – mat hirer kabarettistescher Liesung Freides, den 29. Mäerz 2019 am Festsall vum LGE op. Nom ‘Sorry fir den Duercherneen’ (Réckbléck op d’Joer 2016) ass et en neie satiresche Réckbléck an zwar op d’Joer 2018, ënnert dem Titel: ‘Märd alors!!!’. Den Auteur Jhemp Hoscheit huet eng bësseg Chronik geschriwwen, an där déi national an international Aktualitéit mat vill Humor an Ironie, kritesch a wuertwitzeg ënner d’Lupp geholl gëtt. Hien trëtt am Wiesselspill an am Dialog mam Museker a Gitarrist Jules Arpetti op, deen net nëmme kabarettisteschen Textinterpret ass, mee och mat Politsongs fir déi zousätzlech musikalesch Pointë suergt.

Et invitéieren: D’Direktioun an de Professercomité vum LGE

Reservatioun:      Iwwer Telefon um : 55 62 85-200 oder per Email op: secretariat@lge.lu

Fräien Entrée. Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt.