Actualité

LGE goes Zero Waste : Neie cours facultatif!

Opgepasst: Deng Poubelle riskéiert an Zukunft Honger ze leiden!

Entdeckt de Zero Waste a Zero Plastik an enger holistecher Approche, a léiert wéi s de manner  – oder esouguer guer keen Offall méi kanns produzéieren.

Et wäert ons net u konkrete Beispiller aus dem Zero Waste feelen! Eng Bananneschuel ass net nëmmen do fir drop auszerutschen…

Wéi kann ee mat einfachen a konkreten Gesten säin Offall an och säi Recycling ganz staark reduzéieren an dobäi och nach u Liewensqualitéit gewannen?

Bei ville prakteschen Übungen entdeckt dir z.B. d‘Techniken wéi dir är Fleegeprodukter an Haushaltsmëttel selwer kënnt hierstellen. Do-it-yourself an anere Beräicher gëtt och exploréiert.

Mir wäerten och onse Lycée méi genee ënnert Lupp huelen an der Direktioun duerno är Iddien matdeelen wéi mer hei an der Schoul weider Dreck kennen aspueren.

Hues de Loscht derbäi ze sinn? Da schreif dech séier an!

  • 3t Trimester – Dënsdes -14:30-16:00 (fir all interesséiert SchülerInnen)
  • 3t Trimester – Dënsdes -13:30-14:20 (cours découverte fir 7e)