Agenda

Deltahigh – Die Faszination der verborgenen Dimension (Science-Show)

29/06/2017 19:00

De Jongelycée vun Esch, d’Grondschoul Dellhéicht vun Esch an Déi kleng Fuerscher asbl proudly present d’Suite vun eiser ausgezeechenter Show („Award for the outstanding promotion of science to the public“ vum Fonds National de la Recherche):

Deltahigh – Die Faszination der verborgenen Dimension

ein Chaosspiel auf drei dimensionalen Levels

An enger Kollaboratioun, wéi et se hei zu Lëtzebuerg sécher (an och am Ausland an dëser Form wahrscheinlech) nëmmen eng Kéier gouf (virun zwee Joër bei eis 😉 ), präsentéiere mir en Theaterstéck a Form vun enger experimenteller Naturwëssenschafts-Show.

Eist Stéck spillt an enger noër Zukunft. De verbrueten Assistent Wolf von der Dellhöhe, deen um Enn vun eiser éischter Geschicht am Mëttelalter konnt onschiedlech gemaach ginn, gëtt bei rezenten Opraumaarbechten nees zu neiem Liewen erwecht: Als Black W. Out ass hien erëm do !
Elo muss op allen Zäitebenen zesummegeschafft ginn fir ze verhënneren, dass dat Béist ee fir alle Mol gewënnt: D’Alchemisten aus dem Mëttelalter, d’ReDELLen aus der Géigewaart an d’Besatzung vun dem legendären Raumschëff Deltahigh mussen esou munch Aventuren duurchliewen iert um Enn, natierlech, alles gutt gëtt.

Niewent dem witzege Stéck selwer, eng Kreatioun ganz aus eegener Hand, stinn natierlech nees spektakulär Experimenter am Mëttelpunkt. 7es- bis 1ères-Schüler vum Escher Jongelycée a Kanner vum Cycle 3 aus der Grondschoul Dellhéicht sinn elo schon dat ganzt Schouljoër fläisseg am Gaang, dësen aussergewéinleche Spektakel fir Iech ze preparéieren.

Den Uelzechtkanal, de landeswäit bekannte Fernsehsender aus dem Escher Jongelycée, wäert dofir suergen, dass all Klengegkeet um groussen Ecran gutt ze gesinn as.

Mir soën och schonn hei eng Kéier dem Fonds National de la Recherche an der Stad Esch Merci fir déi grousshäerzeg Ënnerstëtzung.

D’Virstellungen sinn:

  • Donneschdes, den 29. Juni um 19:00 (Weltpremière ) a
  • Freides, den 30. Juni um 19:00 (lescht Chance).

Mir géifen eis immens iwwert Äer Präsenz freeën.

An dat Ganzt soll kee Geheimnis bleiwen, et därf roueg weiderverrode ginn!

D’Ticketen kann een op deltahigh@lge.lu bestellen oder am Sekretariat vum Escher Jongelycée kafen.

Ganz léif Gréiss,

Astrid MAISCHAK, Maryse LALLEMAND & Jerry WAGENER

Links: