Valeurs

Charte vum LGE

Zesumme liewen – zesumme schaffen

Mär sinn alleguer responsabel an engagéiert Schoulpartner

Jiddweree gëtt als responsabel Perséinlechkeet, mat senge Stäerkten a Schwächten, respektéiert; kee gëtt aus iergendengem Grond bloussgestallt oder diskriminéiert.

D’Rechter vu jiddwerengem gi respektéiert, a jiddweree muss seng Pflichten, d’Reglementer an d’Infrastrukture respektéieren.

Een héiflechen Ëmgangstoun, Toleranz a Respekt zwëschen den eenzele Partner si selbstverständlech.

Mär leeë grousse Wäert op eng humanistesch Erzéiung, déi de Respekt vru sech selwer, vrun alle Matmënschen, vrun der Natur an der Ëmwelt ëmfaasst.

Mär maachen all Efforten, fir ze verhënneren, dass Gewalt a Mobbing an eiser Schoul opkommen. Jiddweree soll den néidegen Zivilcourage hunn a sech net vru Problemer oder penibele Situatiounen drécken. Am Beräich vun eise Méiglechkeeten hëllefe mär deenen, déi Hëllef brauchen.

Mär setzen op Leeschtung a probéieren, en héchstméiglechen Niveau ze erreechen

Jiddwer Member vun der Schoulcommunautéit ass gefuerdert, säi Bescht ze ginn.

Eng gutt Schoulausbildung a gutt Schoulresultater sinn eis éischt Ziler, woubäi Léieren a Schaffe Freed solle maachen. Jiddweree soll sech wuel fillen an ouni Angscht schaffen a léiere kënnen. Eng positiv Bewäertung vun all Leeschtung soll an deem Sënn ugestrieft ginn.

Dofir ass e gutt Aarbechtsklima wichteg: sozial a kulturell Aktivitéiten am péri- a parascolairë Beräich ginn unerkannt an ënnerstëtzt, Kompetenzen an Talenter gi gefërdert; souwuel déi schwaach wéi och déi staark Schüler gi motivéiert an ënnerstëtzt. Jiddweree kritt d’Méiglechkeete gebueden, sech weiderzebilden.

Mär erreechen dës Ziler duerch adequat Unterrechtsmethoden, duerch déi néideg personnell a materiell Viraussetzungen, duerch Kreativitéit an duerch eng Erzéiung zur Autonomie.

Mär setzen op eng efficace Informatioun an op Dialog

All Schoulpartner ginn a wichteg Entscheedungsprozesser, wat d’Zukunft an d’Entwécklung vun eiser Schoul ugeet, mat agebonnen. Mär schafen e Kader, an deem all Problemer mat de betraffene Partner diskutéiert ginn, mam Zil, Léisungen ze fannen. Kee Problem soll dobäi tabuiséiert ginn; all d’Schoulpartner mussen a vollem Vertraue matenee schwätze kënnen.

D’Enseignanten an d’Regenten huele sech Zäit fir hir Klassen an hir Schüler. All Schüler, déi Problemer hunn, solle sech un eng Vertrauenspersoun wende kënnen.

D’Enseignantë berode sech fachintern a fächeriwwergräifend.

Mär schafen Infrastrukturen, déi et erméiglechen, dass all Kommunikatioun an Informatioun kloer a séier un all Partner kënnt.

Mär wëllen eng Schoul, déi no baussen op ass

Mär informéieren op eng objektiv Manéier iwwer déi wëssenschaftlech, kulturell, gesellschaftlech a politesch Aktualitéit.

Mär organiséiere sozial, kulturell a sportlech Aktivitéiten, déi eis an dat gesellschaftlecht Liewe vun eiser Ëmgéigend abannen.

Pädagogesch Excursiounen a Visitte vu Betriber a vu sozialen, kulturellen oder wëssenschaftlechen Institutioune ginn ënnerstëtzt.

Mär leeë grousse Wäert op Austauschprogrammer mat Partnerschoulen am In- an am Ausland.