Actualité

Questionnaire zu der G-Sektioun (fir fréier 1ère-G Schüler aus dem LGE)

Léiwen Ancien aus dem LGE,

Am Kader vun der neier Organisatioun vun de Sektiounen am Enseignement classique, wëll den LGE seng G-Sektioun nei gestalten. An dësem Kontext erlabe mir eis, eis un Iech ze wenden, fir Ären Avis an des Réorganisatioun mat afléissen ze loossen, sou dass mir eis zukünfteg G-Schüler nach besser op hier Studien, respektiv hiert Beruffsliewe virbereede kënnen.

Mir wiere ganz frou, wann Dir Iech e puer Minutten Zäit kéint huele fir dësen Online-Questionnaire auszefëllen (w.e.g. bis spéitstens den 15. Dezember 2019).

Dëse Questionnaire gëtt selbstverständlech anonym ausgewäert an d’Resultater gi kengem weiderginn.

Villmools Merci fir Är Hëllef,

D’Direktioun vum LGE an d’Equipe vun der CDS

(Cellule de Développement scolaire)