Actualité

28.02.2024 Cours préparatoires LGE – Feedback-Reunioun fir Enseignanten

Léif Enseignanten aus dem Fondamental,

Mir soen Iech villmools merci fir Ären Interessi un eise Cours préparatoires LGE, un deene mat Ärer Hëllef bal 150 Schüler aus dem Fondamental deelgeholl hunn.

Déi éischt zwou Phase vun 8 Woche Cours sinn elo ofgeschloss. D’Schüler hu wärend dem Zäitraum vun Ufank November bis Mëtt Februar Coursen zu engem oder zwee Haaptfächer besicht, wou si mëndlech mat agebonne gi sinn an och schrëftlech Produktiounen ofginn hunn.

Falls Dir elo interesséiert sidd, Feedback zu de Leeschtunge vun Äre Schüler ze kréien oder spezifesch Nofroen zu Äre Schüler hutt, dann invitéiere mir Iech ganz häerzlech op eis Feedback-Soirée fir Enseignanten

Mëttwochs, den 28. Februar 2024 um 18 Auer am LGE.

Wärend dëser Reunioun präsentéiere mir Iech e kuerze Réckbléck op d’Coursen, proposéieren Iech e professionellen Austausch mat deenen Enseignanten, déi d’Course gehalen hunn, a beäntwerte gären all Är Froen.

Falls Dir interesséiert sidd un dëser Reunioun deelzehuelen, da mellt Iech wgl. bis spéitstens freides, den 23. Februar 2024 bei der Madamm Jessica Willems ënnert der Mailadress jessica.willems@education.lu un an deelt eis am Virfeld d’Nimm vun deene Schüler mat, zu deenen Dir gären eng Réckmeldung hätt.