Agenda

Book Club JUNIOR (7e-5e) : Kenneléier-Meeting

02/10/2024 14:30

De Book Club JUNIOR ass eng Initiativ, déi 2023 vum Briana Da Silva Sousa an dem Leni Georges, zwou Schülerinne vun der deemoleger 2eA, an d’Liewe geruff gouf. Heifir kommen all Schülerinnen a Schüler, déi sech fir d‘Liese begeeschteren, eemol pro Trimester am CDI zesummen, fir sech ongezwongen iwwert hir Lieserfarung auszetauschen. D’Membere vum Bookclub sichen um Enn vun all Treffen ee Buch eraus, dat si dann an deenen nächste Woche liesen. D’Bicher kënnen an där Sprooch gelies ginn, déi dem Lieser am meeschte läit respektiv zouseet.


Meetingen am Schouljoer 2024-2025: (ab 14h30 am CDI)

  • Mëttwochs, den 2. Oktober 2024 : Kenneléier-Meeting
  • Mëttwochs, den 27. November 2024
  • Mëttwochs, den 22. Januar 2025
  • Mëttwochs, den 25. Juni 2025