Agenda

Ausstellung vun der 2A : Grouss Denkerinnen

01/06/2022 - 13/07/2022

Déi 24 Schülerinnen an 2 Schüler vun der 2eA hunn ënnert der Leedung vun hirem Philosophie-Professer Norbert Campagna Plakater hiergestallt, op deenen se d’Denken vun groussen Denkerinnen duerstellen, vun der Christine de Suède bis bei d’Angelika Krebs, iwwert Mary Wollstonecraft, Flora Tristan, Virginia Woolf, Simone de Beauvoir, Susan Sonntag, Kate Millett an e puer anerer. Dës Ausstellung kënnt Dir nach bis zum Enn vum Schouljoer vu Méindes-Freides vun 8h00-16h00 an den LGE kucke kommen.




Fir jiddereen, deen net d’Geleeënheet huet am LGE laanscht ze kommen : hei d’Sammlung vun den Texter als PDF : Grouss Denkerinnen Textsammlung (c) Schüler:innen vun der 2A / LGE