Agenda

Konferenz vum Robert Soisson : “60 Illustrators of Luxembourg” am CDI (org. AVEK)

30/11/2023 19:30

D’AVEK invitéiert Iech op hir siwent Aktivitéit am Joer 2023, Donneschdeg, den 30. November um 19:30 Auer am CDI (Bibliothéik) vum Escher Jongelycée:

Konferenz vum Robert Soisson mat Presentatioun a Verkaf vum Buch “60 Illustrators of Luxembourg” a Signature vu verschidde Cartoonisten

No sengem Premièresdiplom am LGE am Joer 1969 huet de Robert Soisson („de Rob”), Psychologie op der Ruprecht-Karls-Universitéit Heidelberg studéiert. No sengem Studium huet hien am Service Medico-Psycho-Pédagogique vun der Stad Esch-Uelzecht geschafft an ass 2006 a seng wuelverdéngte Pensioun gaangen. De Rob woar och laang Jore Member am Kommitee vun der AVEK. Hien ass zanter 2015 President vu CartoonArt a.s.b.l.

De Rob zeechent säit dem Enn vun de 60er Jore Karikaturen, Ufanks fir „D’Ro’d Wullmaus“ (spéider Roud Wullmaus), a politesch lénksgeriichte Vereenegungen, spéiderhi besonnesch fir d’Zäitschrëft „forum“. Doriwwer eraus huet hie Beiträg zum Thema Kanner- a Jugendrecht verëffentlecht, déi mat sengen Zeechnungen illustréiert gi sinn.


D’Bicher “60 Illustrators of Luxembourg”, déi mär no der Konferenz fir 30,00€ Stéck verkafen, goufen eis vum Rob gestëft an den Erléis geet integral un de Fonds Social vun der AVEK.
Aus organisatoresche Grënn biede mär Iech, Iech bis de 24. November per Mail op avek@avek.lu oder per Telefon um 691 88 55 11 (Ermin Sonnetti) unzemellen. Deelt eis mat zu wéi vill der kommt. De Parking vum Escher Jongelycée am Gruef („rue du Fossé“) ass fir eis Memberen accessibel.