Haut ass déi zweet Editioun vum « LGE Book Club » mam Briana a Leni vun der 3A (ab 14h30 am CDI)
Haut gëtt iwwer « Giovanni’s Room » vum James Baldwin diskutéiert. Spezial-Invité ass den Här Jean-Marc Lantz.
D’Diskussioun ass op Lëtzebuergesch, d’Buch kënnt Dir an enger Sprooch vun ärer Wiel liesen : Original op Amerikanesch oder als Iwwersetzung. Natierlech gëtt et och am CDI een Exemplar fir ze léinen : Katalog vum LGE, a kuckt och gären an anere Bibliothéiken oder als Ebook : www.a-z.lu
Zum Schluss gëtt e Buch fir déi nächste Kéier erausgesicht.
Nei Membere vu 4eme bis 1ere si wëllkomm!
Déi nächst Terminer sinn : (ëmmer Mëttwochs vun 14h30-16h00 am CDI)
- 08. Mäerz
- 19. Abrëll
- 10. Mee
- 14. Juni
