Déi éischt Phas vun de Schnuppercoursen LGE geet op en Enn an erlaabt et en éischte Bilan ze zéien. All déi Schüler, déi wärend fënnef Wochen un der éischter Phas vun de Coursen deelgeholl hunn, wäerten an deenen nächsten Deeg e Mail mat weideren Informatioune kréien a sinn d’office zougelooss zur zweeter Phas.
D’Eltere kënnen all déi interesséiert Schüler, déi mat der zweeter Phas vun de Coursen wärend fënnef Wochen virufuere wëllen, tëscht dem 15. an 31. Dezember 2025 iwwert den Online-Formulaire hei (de link ass ab dem 15.12. disponibel) umellen. Doriwwer eraus ass d’Umeldung och un eng Preinscriptioun am LGE gebonnen. Falls d’Schüler no den Epreuven am Cycle 4.2 eng Recommandatioun fir den Enseignement secondaire classique (ESC) kréien, erlaabt dës Préinscriptioun Iech, dass Äert Kand prioritär am LGE fir d’Rentrée 2026/27 opgeholl gëtt. D’Préinscriptioun muss zum Schluss vum Schouljoer duerch eng eemoleg Inscriptioun validéiert ginn.
D’Coursë vun der zweeter Phas starten den 13. resp. 15. Januar 2026 a wäerten nees eng Kéier an der Woch (dënschdes oder donneschdes) ofgehale ginn. D’Schüler léieren hei ee weidert Haaptfach kennen. D’Elteren erhalen am Virfeld e Mail mat allen Informatiounen zum Oflaf bis spéitstens den 9. Januar 2026.

