Jugendtreff

  • Et ass een Treffpunkt fir all d’Schüler aus dem LGE ausserhalb vun de Schoulstonnen
  • E soll de Jugendlechen e Fräiheetsraum ginn an eng Plattform ubidden, wou si sech kenneléieren, austauschen, ausrouen, mee sech awer och ausdrécken an iwwert eventuell Konflikter schwätze kënnen.
  • Et gëtt ee vun Educateuren encadréiert, mee et kann een och seng eegen Autonomie developpéieren, andeem een zu der Organisatioun a Planifikatioun vun Aktivitéite bäidréit. De Prinzip vum fräiwëllegen Engagement vun de Schüler steet am Mëttelpunkt vun dësem Konzept.
  • Am Jugendtreff kënnen d‘Schüler eng ganz Rei un Ekippement a Material fannen (z.B. „Chilleck“ mat Canapé, Gesellschaftsspiller, Kicker, Ping Pong, …). D’Schüler kënnen och un der Gestaltung vun de Raimlechkeete vum Jugendtreff deelhuelen.
  • D’Zil vum Jugendtreff ass et, d’Schoulklima ze verbesseren a gläichzäiteg Schüler ze motivéieren hir Meenung ze äusseren a sech esou fir hir Schoul a Kameroden ze engagéieren.

Wéini ass de Jugendtreff op?

De Jugendtreff ass all Dag ausserhalb vun de Schoulstonnen an der Salle Polyvalente iwwert der Kantin op:

  • vu 7.15 bis 7.55 Auer
  • vun 9.40 bis 9.55 Auer
  • vu 11.45 bis 13.30 Auer
  • vun 14.20 bis 16.10 Auer