Zënter der Rentrée 2022/23 bitt den LGE nieft deem pedagogeschen Encadrement op 7e a 6e elo och fächerspezifesch Preparatiounscourse fir d’Schüler aus dem Cycle 4.2 am Fondamental un. Am Fokus stinn hei déi leeschtungsstaark Schüler, déi duerch eng geziilt Fërderung op d’Kompetenzberäicher am ESC (Enseignement secondaire classique) virbereet solle ginn. D‘Zil vun de Coursen ass et also, dass den Iwwergank tëscht dem Fondamental an dem Secondaire fir d‘Schüler aus dem Cycle 4.2 vereinfacht gëtt, andeems si vun enger inhaltlecher Virbereedung op d’Lycées-Course profitéiere kënnen.
Dës Course si gratis a fannen am Zäitraum tëscht November an Abrëll ëmmer dënschdes an donneschdes mëttes vu 14:30 bis 16:00 am LGE statt. D’Inhalter vun de Course sinn esou augeluecht, dass déi zukünfteg Lycées-Schüler op déi dräi Haaptfächer op 7C, nämlech Däitsch, Franséisch a Mathematik, virbereet ginn.
D’Course fannen an zwou Phase statt, woubäi déi éischt Phas vun November bis Januar fir all d‘Schüler aus dem Cycle 4.2 op ass. Déi zweet Phase ab Februar riicht sech dann an éischter Linn un déi Schüler, déi eng Orientatioun fir op 7C kréie kënnen an déi sech dozou bereet erklären, eng Preinscriptioun am LGE ze maachen.
D’Eltere kënnen hir Kanner iwwert e Formulaire op eisem Site umellen. D’Inscriptioun fir déi éischt Phas ass eriwwer. De Formular fir d’Inscriptioun fir déi zweet Phase gëtt Ufank 2023 online gesat.
dernière mise à jour : 14.11.2022