Actualité

Cours préparatoires cycle 4.2 : inscription

Cours préparatoires LGE – éischt Phas

Zënter der Rentrée 2022/23 bitt den LGE nieft deem pedagogeschen Encadrement op 7e a 6e elo och fächerspezifesch Preparatiounscourse fir d’Schüler aus dem Cycle 4.2 am Fondamental un. Am Fokus stinn hei déi leeschtungsstaark Schüler, déi duerch eng geziilt Fërderung op d’Kompetenzberäicher am ESC (Enseignement secondaire classique) virbereet solle ginn. D‘Zil vun de Coursen ass et also, dass den Iwwergank tëscht dem Fondamental an dem Secondaire fir d‘Schüler aus dem Cycle 4.2 vereinfacht gëtt, andeems si vun enger inhaltlecher Virbereedung op d’Lycées-Course profitéiere kënnen.


Dës Course si gratis a fannen am Zäitraum tëscht November a Mäerz ëmmer dënschdes an donneschdes mëttes vu 14:40 bis 16:10 am LGE statt. D’Inhalter vun de Course sinn esou ausgeluecht, dass déi zukünfteg Lycées-Schüler op déi dräi Haaptfächer op 7C, nämlech Däitsch, Franséisch a Mathematik, virbereet ginn.

D’Elteren treffen de Choix vum Wochendag a vun der Fächerkombinatioun.


D’Course fannen an dräi Phase statt, woubäi déi éischt Phas vum 6. November bis 1. Dezember wärend engem Zäitraum vu 4 Woche fir all d‘Schüler aus dem Cycle 4.2 op ass. Déi zweet an déi drëtt Phasen ab Januar riichte sech dann an éischter Linn un déi Schüler, déi eng Orientatioun fir op 7C kréie kënnen an déi sech dozou bereet erklären, eng Preinscriptioun am LGE ze maachen.

D’Eltere kënnen hir Kanner bis spéitstens de 24. Oktober 2023 iwwert dee folgende Formulaire umellen. D’Coursen starten an der Woch vum 6. November 2023.


D’Inscriptioune si säit dem 25.10.2023 zou. Merci fir äert Versteesdemech. Fir eventuell Froe kënnt Dir Iech gären beim Schülersekretariat mellen : 556285-220 oder bei der Madamm Willems : jessica.willems@education.lu