Hausuerdnung

De Restaurant scolaire an d’Cafeteria si vu 7:30 un op, mä vru 7:45 lafe mär net duerch d’Gebai.

Mär sinn all pünktlech an de Coursen.

D’Schüler kommen am Prinzip duerch de Préau an d’Gebai a verloossen et och op deem Wee.

Mär hunn eng schéin a modern Schoul, déi mär propper halen: Duerfir geheie mär keng Béchsen oder Fläschen an den Haff oder soss anzwousch hin a mär spillen och kee Fussball mat de Béchsen oder Fläschen. Mär geheie kee Knätschgummi oder soss een Offall op de Buedem; duerfir gëtt et genuch Container oder Dreckseemeren. Déi blo Poubellë si just fir de Pabeier virgesinn. Am Gebai hunn oppe Béchsen a Fläschen näischt verluer.

Eisen Handy, den i-Pod, den MP3- an den CD-Player gebrauche mär op kee Fall an de Schoulsäll. Während de Stonne mussen dës Apparater ausgeschalt sinn. Musek lauschtere mär och net an de Gäng.

Den Internet ass e „lieu public”, zu deem jiddwereen an der ganzer Welt Accès huet. Dofir setze mär keng Foto a keen Text op een Internetsite, wouduerch e Schüler oder e Professer ugegraff, blesséiert oder lächerlech gemaach gëtt.

Nom Dateschutzgesetz däerf ee kee fotographéieren, deem seng ausdrécklech Awëllegung een net huet. Och eng Foto, déi scho besteet, däerf een net publizéieren, ouni d’Awëllegung vun dem Fotographéierten, respektiv dem Auteur vun der Foto (droits d’auteur). Et ass selbstverständlech aus Dateschutzgrënn och verbueden, mat den Handyen an der Schoul Fotoen ze maachen.

An de Gäng schoune mär de Wandbelag andeem s mär eis net géint d’Mauere stäipen oder sëtzen. Och d’Fënsterbrieder si keng Sëtzgeleegenheeten.

Mär schounen allgemeng de Mobilier: Mär klunschen a rappen net un den Dieren a mär benotzen d’Bänken net fir Graffiti-Konscht ze produzéieren.

Mär schoune besonnesch eist elektronescht Material (Beamer, Computer, Laptop asw.) a schaffen nëmmen op Uweisung an a Präsenz vun engem Enseignant domat.

Op den Toiletten hale mär eis net méi laang op, wéi et néideg as. Virun allem hale mär och dës Raimlechkeete besonnesch propper.

Nom Gesetz vum 11. August 2006 ass et verbueden an der Schoul an an der Enceinte vun der Schoul ze fëmmen.

An de Klassesäll, an der Bibliothéik (CDI) an am Restaurant scolaire droe mär keng Kappbedeckung. Donieft hale mär drop, dezent gekleet an d’Schoul ze kommen.

Fir eis eege Sécherheet lafen oder rolze mär net am Gebai. Duerfir hunn och Inline-Skater, Funboards, Rollschung asw. weder am Gebai nach am Haff eppes verluer.

Et ass verbueden, d’Schoulgebai während der Schoulzäit ouni Erlaabnis vun der Direktioun ze verloossen.

An de grousse Pause verloosse mär d’Säll, déi zougespaart ginn. Mär raumen d’Couloiren a mär halen eis, bis et schellt am Préau, am Haff, am Restaurant scolaire oder an der Cafeteria op. Et as verbueden, sech bei der Entrée vun der Aile des Sciences (Passerelle) oder virum Haaptgebai opzehalen.

Mam Lift däerf just e Schüler, dee behënnert ass, mat héchstens enger Begleetpersoun, fueren.