Engagement

 LGE Chrëschtmoart

Säit 2017 organiséiert den LGE e flotte Chrëschtmoart/Charity Day op deem all Member vun eiser Schoulcommunautéit opgeruff ass sech ze engagéieren an Suen fir en gudden Zweck ze sammelen. Den Erléis gëtt all Joer un zwou Organisatioune gespent.

Den Erléis vun de leschten Editioune war fir :

  • 2023/2024 : …
  • 2022/2023 : fir Amiavy asbl an d’Stëmm vun der Strooss.
  • 2021/2022 : fir d’Stëmm vun der Strooss (Ënnerstëtzung fir sans-abris zu Lëtzebuerg) an den Centre LGBTIQ+ Cigale (espace de visibilité et de promotion de la diversité sexuelle et de genre)
  • 2020/2021 : fir Nadiezhda asbl (fir d’schoulesch Ausbildung fir Weesekanner a Madagaskar) an Teatro Bus Chile (Niños de la Tierra) (en Theaterprojet an engem Aarmevéirel zu Santiago de Chile)
  • 2019/2020 : fir besa-besë asbl (fir d’Affer vum Äerdbierwen an Albanien) an Tukwataniise asbl (fir eng Schoul am Uganda)
  • 2018/2019 : fir ALAN (maladies rares) an d’Croix Rouge (Vakanze fir Kanner a Nout)
  • 2017/2018 : fir Soroptimist International Luxembourg (fir den Embau vun enger Schoul zu Kigali am Ruanda) an d’Greek Catholic School zu ShefarAmr (fir den Equipement vum Sciences-Laboratoire am Lycée zu Shefar’Amr an Israel, deen Schüler aus dem LGE op hirer Studierees an Israel/Palestina d’lescht Schouljoer besicht haten).

Hei fannt Dir alleguer d’Artikelen zum Chrëschtmoart am LGE -> link


Le Lycée de Garçons Esch participe au projet DayCARE :

Elèves, entreprises et CARE s’engagent pendant une journée pour atteindre un but commun : Un meilleur avenir pour les jeunes au Luxembourg et en Afrique.

Les élèves suivent une journée de stage auprès de l’entreprise de leur choix pour se faire une idée précise des perspectives professionnelles qu’offrent les entreprises participantes. Les stagiaires sont rémunérés par l’entreprise avec un don pour le projet de CARE qui soutient la formation professionnelle de jeunes sages-femmes au Niger.

(infos : www.daycare.lu)

DayCARE au Lycée de Garçons Esch -> lien


Mérite Jeunesse Luxembourg Logo

Mérite Jeunesse

De „Mérite Jeunesse“ wëllt Jonker tëschent  14 a 25 Joer dozou encouragéieren, sech op gesellschaftlechem Plang ze engagéieren. Déi Jugendlech erhalen doduerch d’Méiglechkeet  sech selwer besser kennenzeléieren, mat anere Benevollen ze kooperéieren a virun allem hir eege Fäegkeete weiderzeentweckelen.

De Präis ass ervirgaangen aus dem „Duke of Edinburgh‘s Award“, deen 1956 fir d’éischt an England iwwerreecht ginn ass. Am Laf vun de Joren huet de Programm sech a méi ewéi 140 Länner op der ganzer Welt erfollegräich duerchgesat.

Am LGE kann een sech bei der Mme Reimen (pia.reimen2708@gmail.com) oder bei der Mme Breckler (christine.breckler@education.lu) informéieren an fir de Mérite Jeunesse umellen : (Permanence all Donneschden 14h20-15h15 am Büro 105)

Le Mérite Jeunesse au Lycée de Garçons -> lien


Lien vers tous les articles en relation avec un engagement particulier de nos élèves