Actualité

Cours préparatoires LGE – zweet Phas

Déi éischt Phas vun de Cours préparatoires LGE ass elo ofgeschloss an erlaabt et, en éischte Bilan zu de mëndlechen a schrëftlechen Aarbechte vun de Participanten ze zéien. All déi Schüler, déi wärend véier Wochen un der éischter Phas vun de Coursen deelgeholl hunn, wäerten an deenen nächsten Deeg eng Réckmeldung per Mail kréien.

D’Eltere kënnen all déi interesséiert Schüler, déi mat der zweeter Phas vun de Coursen wärend véier Wochen virufuere wëllen, tëscht dem 11. an 22. Dezember 2023 iwwert den Online-Formulaire hei ënnendrënner umellen.

Doriwwer eraus ass d’Umeldung och un eng Preinscriptioun am LGE gebonnen. Deen entspriechende Formulaire (PDF-Datei) sollt erausgeprint an ausgefëllt an déi éischt Stonn vun der zweeter Phas matbruecht ginn. Falls d’Schüler no den Epreuven am Cycle 4.2 eng Recommandatioun fir den Enseignement secondaire classique (ESC) kréien, erlaabt dës Préinscriptioun Iech, dass Äert Kand prioritär am LGE fir d’Rentrée 2024/25 opgeholl gëtt.

D’Course vun der zweeter Phas starten den 9. resp. 11. Januar a wäerten nees eng Kéier an der Woch ofgehale ginn. D’Elteren erhalen am Virfeld e Mail mat allen Informatiounen zum Oflaf bis spéitstens de 5. Januar 2024.


 

La phase d'inscription est terminée.