Actualité

Schnuppercoursen LGE – Inscription aux cours d’initiation

Schnuppercoursen LGE

Zënter der Rentrée 2022/23 bitt den LGE nieft deem pedagogeschen Encadrement op 7e a 6e elo och fächerspezifesch Virbereedungscoursë fir d’Schüler aus dem Cycle 4.2 am Fondamental un. Am Fokus stinn hei déi leeschtungsstaark Schüler, déi duerch eng geziilt Fërderung op d’Kompetenzberäicher am ESC (Enseignement secondaire classique) virbereet solle ginn. D‘Zil vun de Coursen ass et also, dass den Iwwergank tëscht dem Fondamental an dem Secondaire fir d‘Schüler aus dem Cycle 4.2 vereinfacht gëtt, andeems si vun enger inhaltlecher Virbereedung op d’Lycées-Coursë profitéiere kënnen.

Dës Coursë si gratis a fannen am Zäitraum tëscht November a Februar ëmmer dënschdes an donneschdes mëttes vu 14:40 bis 16:10 am LGE statt. D’Inhalter vun de Coursë sinn esou ausgeluecht, dass déi zukünfteg Lycées-Schüler op déi dräi Haaptfächer op 7C, nämlech DäitschFranséisch a Mathematik, virbereet ginn.

D’Coursë fannen an zwou Phase statt, woubäi déi éischt Phas vum 11. November bis 11. Dezember wärend engem Zäitraum vu 5 Woche fir all d‘Schüler aus dem Cycle 4.2 op ass. D’Schüler léieren hei eent vun deenen zwee Fächer au Choix kennen. Déi zweet Phas ab Januar riicht sech dann an éischter Linn un déi Schüler, déi eng Orientatioun fir op 7C kréie kënnen an déi sech dozou bereet erklären, eng Preinscriptioun am LGE ze maachen.

D’Eltere kënnen hir Kanner ab dem 13. Oktober 2025 a bis spéitstens de 24. Oktober 2025 iwwert follgende Link umellen:

📝 Formulaire eforms « Umeldung fir d’Schnuppercoursen » 📝

D’Coursë starten an der Woch vum 10. November 2025.