Charte du LGE

Zesumme liewen – Zesumme schaffen

Mär sinn alleguer responsabel an engagéiert Schoulpartner

  • Jiddweree gëtt als responsabel Perséinlechkeet, mat senge Stäerkten a Schwächten, respektéiert; kee gëtt aus iergendengem Grond bloussgestallt oder diskriminéiert.
  • D’Rechter vu jiddwerengem gi respektéiert, a jiddweree muss seng Pflichten, d’Reglementer an d’Infrastrukture respektéieren.
  • Een héiflechen Ëmgangstoun, Toleranz a Respekt zwëschent den eenzele Partner si selbstverständlech.
  • Mär leeë grousse Wäert op eng humanistesch Erzéiung, déi de Respekt viru sech selwer, virun alle Matmënschen, virun der Natur an der Ëmwelt ëmfaasst.
  • Mär maachen all Efforten, fir ze verhënneren, dass Gewalt a Mobbing an eiser Schoul opkommen. Jiddweree soll den néidegen Zivilcourage hunn a sech net viru Problemer oder penibele Situatiounen drécken. Am Beräich vun eise Méiglechkeeten hëllefe mär deenen, déi Hëllef brauchen.

Mär setzen op Leeschtung a probéieren, en héchstméiglechen Niveau ze erreechen

  • Jiddwer Member vun der Schoulcommunautéit ass gefuerdert, säi Bescht ze ginn.
  • Eng gutt Schoulausbildung a gutt Schoulresultater sinn eis éischt Ziler, woubäi d‘Léieren an d‘Schaffe Freed solle maachen.
  • Jiddweree soll sech wuel fillen an ouni Angscht schaffen a léiere kënnen. Eng positiv Bewäertung vun all Leeschtung soll an deem Sënn ugestrieft ginn.
  • Dofir ass e gutt Aarbechtsklima wichteg: Sozial a kulturell Aktivitéiten am peri- a parascolairë Beräich ginn unerkannt an ënnerstëtzt. Kompetenzen an Talenter gi gefërdert. Esouwuel déi schwaach wéi och déi staark Schüler gi motivéiert an ënnerstëtzt. Jiddweree kritt d’Méiglechkeete gebueden, sech weiderzebilden.
  • Mär erreechen dës Ziler duerch adequat Unterrechtsmethoden, duerch déi néideg materiell Viraussetzungen, duerch Kreativitéit an duerch eng Erzéiung zur Autonomie.

Mär setzen op eng efficace Informatioun an op Dialog

  • All Schoulpartner ginn a wichteg Entscheedungsprozesser, wat d’Zukunft an d’Entwécklung vun eiser Schoul ugeet, mat agebonnen. Mär schafen e Kader, an deem all Problemer mat de betraffene Partner diskutéiert ginn, mam Zil, Léisungen ze fannen. Kee Problem soll dobäi tabuiséiert ginn; all d’Schoulpartner mussen a vollem Vertraue matenee schwätze kënnen.
  • D’Enseignanten an d’Regenten huele sech Zäit fir hir Klassen an hir Schüler. All Schüler, déi Problemer hunn, solle sech un eng Vertrauenspersoun wende kënnen.
  • D’Enseignantë berode sech fachintern a fächeriwwergräifend.
  • Mär schafen Infrastrukturen, déi et erméiglechen, dass all Kommunikatioun an Informatioun kloer a séier un all Partner kënnt.

Mär wëllen eng Schoul, déi no baussen op ass

  • Mär informéieren op eng objektiv Manéier iwwer déi wëssenschaftlech, kulturell, gesellschaftlech a politesch Aktualitéit.
  • Mär organiséiere sozial, kulturell a sportlech Aktivitéiten, déi eis an dat gesellschaftlecht Liewe vun eiser Ëmgéigend abannen an zu engem allgemengen Austausch bäidroen.
  • Pädagogesch Excursiounen a Visitte vu Betriber a vu sozialen, kulturellen oder wëssenschaftlechen Institutioune ginn ënnerstëtzt.

Mär leeë grousse Wäert op eng responsabel Notzung vu mobillen elektronesche Geräter

  • Déi genee Reegelen, wéi mobil elektronesch Geräter responsabel ze benotze sinn, ginn an der Hausuerdnung vum LGE festgeluecht.