Agenda

Schnuppercoursen : Info-Versammlung fir d’Enseignanten aus dem Fondamental

07/10/2025 18:00

Léif Enseignanten aus dem Fondamental,

Fir den Iwwergang tëscht dem Fondamental an dem Secondaire z’erliichteren, bitt de Lycée de Garçons Esch de Schüler aus der École Fondamentale d’Méiglechkeet u Virbereedungscoursen op de Secondaire deelzehuelen.

Dës Coursë riichte sech an éischter Linn u Schüler aus dem Cycle 4.2, déi eng Orientatioun an de Lycée classique kënne kréien an/oder nach Ënnerstëtzung an engem oder zwee vun den Haaptfächer op 7eC am Lycée bréichten. D’Coursë si gratis a fannen ëmmer dënschdes an donneschdes mëttes am Zäitraum tëscht November a Februar statt.

Dir sidd der Meenung, dass dës Coursë fir Är Schüler eng interessant Virbereedung op de Lycée kéinte sinn? Dann invitéiere mir Iech ganz häerzlech op eis Informatiouns-Soirée fir Enseignanten

Dënschdes, de 7. Oktober 2025 um 18 Auer am CDI vum LGE.

Wärend dëser Reunioun präsentéiere mir Iech den Oflaf vun de Coursen an d’Prozedure fir d’Umeldung, deelen Iech Info-Material fir Är Schüler an hir Elteren aus a beäntwerte gären all Är Froen.

Umelle kënnt Dir Iech iwwert dee folgenden eForms bis spéitstens de 6. Oktober 2025:

📝 Formulaire eforms « Infoversammlung fir Enseignanten » 📝