Hausuerdnung

Déi duergeluechte Verhalensreegelen am Lycée de Garçons Esch sollen zu enger agreabeler Schoulambiance bäidroen.

Dës Reegele betreffen all d’Schülerinnen a Schüler aus dem LGE. Fir de Rescht vum Text a fir d’Liesbarkeet ze vereinfachen, gëtt de Begrëff “Schüler” fir Schülerinnen a Schüler benotzt.

Dem LGE säi Codex baséiert op dräi Grondbegrëffer: Leeschtung, Gemeinsamkeet an Engagement.

A. Allgemeng Verhalensreegelen

  • Mär respektéieren eis géigesäiteg. Jiddweree gehéiert derzou, onofhängeg vum Geschlecht, dem Alter, der sexueller Orientéierung, der Relioun, der ethnescher Origine, der Nationalitéit oder de jeeweilege Besoinen.
  • D’Schüler solle sech un d’Verhalensreegelen halen a sech esouwuel bannent wéi baussent der Schoul héiflech an respektvoll behuelen.
  • Jiddweree verpflicht sech derzou, kierperlech, verbal oder moralesch Gewalt ënner kengen Ëmstänn ze toleréieren an d’Privatsphär vun all Member vun der Gemeinschaft ze respektéieren.
  • Esouwuel am mëndlechen ewéi am schrëftlechen an am digitalen Ëmfeld soll op de Sproochgebrauch opgepasst ginn. D’Meenung soll fräi kënne geäussert ginn an dëst an enger passender Form. Et soll een nolauschteren, wann een eppes erzielt oder erkläert an et soll een déi aner ausschwätze loossen.
  • D’Schüler sollen zu hiren Handlunge stoen, wa si eppes falsch gemaach hunn.
  • Vun alle Schüler gëtt erwaart, dass si d’Entscheedunge vun der Direktioun, den Enseignanten, de Surveillanten esouwéi vum Verwaltungs- an technesche Personal respektéiert an hiren Uweisunge follegt.
  • D’Schüler kommen entweder duerch de Preau (Rue de l’Hôpital) oder duerch d’Haaptentrée (Rue du Fossé) an d’Gebai eran a verloossen et och op deem Wee.
  • Viru 7.45 Auer sollen d’Schüler sech net an de Gäng vum Gebai ophalen, mee am Preau, bei der Bibliothéik, am Haff, bei der Loge (Haaptentrée), am Restaurant scolaire oder am Jugendtreff. Wa si e Rendez-vous beim ESEB oder SePAS hunn, dierfe si och méi fréi an d’Gebai.
  • A Spezialsäll (z.B. Konscht, Biologie, Chimie, Physik, Geschicht, Geographie a Musek) däerfen d’Schüler sech net ouni eng Opsiichtspersoun ophalen.
  • Pénktlechkeet an de Coursen gëtt erwaart. Déi reegelméisseg Presenz an den Unterrechtsstonnen ass eng Grondviraussetzung fir de schouleschen Erfolleg. Kënnt ee Schüler no dem Ufank vun enger Schoulstonn, soll hie seng Verspéidung géigeniwwer sengem Enseignant erklären. Bei widderhueltem Zespéitkomme kënnen disziplinaresch Moossnamen ergraff ginn, et sief dann de Schüler hätt een unerkanntene valabele Grond. Heefeg Retarde kënne sech op d’Conduite auswierken.
  • Bei enger Absence sollen d’Elteren oder d’Tuteuren vun de Schüler virum Ufank vun de Coursen iwwer Mail un de Regent an/oder un d’Schülersekretariat (secretariat.eleves@lge.lu) oder iwwer Telefon 55 62 85 -220 ofmellen. Dëst ersetzt awer net déi schrëftlech Excuse, déi och an digitaler Form agereecht ka ginn.
  • Fir all Absence gëtt de Schüler sengem Regent spéitstens den drëtten Dag no dem éischte Feeldag eng schrëftlech Entschëllegung of oder seng Eltere schécken se him an digitaler Form eran. Feelt de Schüler méi wéi dräi Deeg, soll hien en Dokter opsichen an deementspriechend ee Certificat ofginn oder schécken.
  • D’Erlabnis fir méi fréi virun enger Schoulvakanz fortzefueren oder méi spéit zeréckzekommen esouwéi all aner Absence wärend der Schoulzäit, déi iwwert een Dag erausgeet, kann nëmme vun der Direktioun no enger schrëftlecher Demande gi ginn.
  • Rendez-vouse beim Dokter (ausser an Noutfäll) a Farstonne sollen ausserhalb vun der Schoulzäit wouergeholl ginn.
  • All Schüler, deem um Schoulwee oder an der Enceinte vum Lycée een Accident geschitt, muss direkt d’Schülersekretariat doriwwer informéieren. Ee Constat (Rapport) iwwert de Virfall muss bannent dräi Deeg am Schülersekretariat eragereecht ginn.
  • Wann ee Schüler d’Schoulgebai wärend der Unterrechtszäit verloosse muss (wéinst Krankheet z.B.), muss hie sech beim Enseignant an am Schülersekretariat mellen, dat d’Elteren doriwwer informéiert. Och an dësem Fall gëtt eng Entschëllegung gefuerdert.
  • Jiddweree soll passend ugedoe sinn.

B. Uerdnung a Propretéit

  • Jidderee wëll an enger propperer Schoul liewen, léieren a schaffen: Duerfir solle keng Béchsen oder Fläschen an den Haff oder soss anzwousch higeheit ginn. Och soll kee Knätsch oder soss een Offall op de Buedem geheit ginn, mee an d’Dreckskëscht.
  • D’Schüler solle versichen, nohalteg ze liewen. Dozou gehéiert, dass Mehrwegverpackungen an ee Waasserbidong (Gourde) benotzt gëtt. Oppe Béchsen a Bechere sollen net mat an d’Gäng oder an d’Klassesäll geholl ginn. D’Drénkfläsche kënnen am Preau oder bei der Turnhal mat Waasser gefëllt ginn. De verbleiwende Knascht soll sortéiert ginn an an déi entspriechend Poubellë geheit ginn. Déi blo Poubellë si just fir de Pabeier virgesinn. Déi giel Poubellë si fir d’Plastiksfläschen an d’Béchse geduecht. Uebst steet gratis am Preau zur Verfügung. Et soll awer net verbëtzt ginn.
  • Et soll just op deene Plaze giess a gedronk ginn, déi dofir virgesi sinn. Dës Plaze sinn: Preau, Schoulrestaurant, Haff, Zuuz an um 3. Stack virum Lift bei den Informatiksäll. Wann d’Schüler op de Gäng ënnerwee sinn oder am Klassesall sinn, ass d’Iessen an d’Gedrénks sécher am Kuerf verstaut. Jiddwereen ass am Schoulrestaurant derfir verantwortlech, den Dësch nom Iessen ofzeraumen an näischt ronderëm leien ze loossen. Et dierf keen Iessbesteck aus dem Schoulrestaurant mat eraus geholl ginn.
  • An de Klassesäll dierf Waasser gedronk ginn, wann den Enseignant et erlaabt.
  • Iert d’Schüler de Klassesall verloossen, setze si d’Bänke riicht an d’Still bäi. D’Fënstere sollen um Enn vum Schouldag zougemaach ginn. Et soll och kontrolléiert ginn, datt d’Luuchten, de Beamer, de Bildschierm an de Computer ausgeschalt sinn.
  • De Schoulrestaurant an d’Cafeteria si vun 7.30 Auer un op. Snacks a Gedrénks kënne virun der Schoul, wärend der Fofzéng-Minutte-Paus (9.40 bis 9.55 Auer) an der Mëttegpaus an no der Schoul kaaft ginn. Wärend deene fënnef Minutten tëscht de Coursen ass dëst de Schüler net erlaabt.
  • An der Fofzéng-Minutte-Paus (9.40 bis 9.55 Auer) an an der Mëttegpaus verloossen d’Schüler de Klassesall. Bei d’Case sollen d’Schüler virun dem Schoulufank, an de Pausen oder no der Schoul goen.
  • Et gëtt erwaart, datt d’Schüler d’Material respektéieren. Dozou gehéiert och de Respekt virun de schouleschen Infrastrukturen an dem Material, dat d’Schoul zur Verfügung stellt. Sollt ee Schüler eppes beschiedegen, dann iwwerhëlt hien dofir d’Verantwortung, mellt de Schued am Sekretariat a kënnt dofir op. De Mobilier soll allgemeng geschount ginn: Et soll net un den Diere geklunscht a gerappt ginn an op d’Bänke soll net gemoolt oder geschriwwe ginn. Mam installéierten elektronesche Material (Beamer, Computer, …) soll nëmmen op Uweisung an a Presenz vun engem Enseignant geschafft ginn. An de Gäng schounen d’Schüler de Wandbelag, andeems si sech net géint d’Mauere stäipen oder sëtzen. D’Fënsterbrieder si keng Sëtzgeleeënheeten.
  • Op den Toilettë sollen d’Schüler sech net méi laang ophalen, wéi et néideg ass. Virun allem sollen och dës Raimlechkeete propper gehale ginn.
  • De Lift däerf ee Schüler notzen, dee kierperlech ageschränkt ass. Duerch d’Virleeë vun engem Certificat kritt de Schüler an der Loge ee Schlëssel dofir.
  • All Schüler gëtt drëms gebieden, op seng Kleedung, seng Suen oder aner perséinlech Géigestänn opzepassen. D’Schoul iwwerhëlt keng Responsabilitéit fir de Verloscht, d’Verschwannen oder d’Beschiedegung vu perséinleche Géigestänn vun de Schüler.
    • Schiedlech Substanzen, Tubak an illegal Rauschmëttel sinn an der Enceinte vum Lycée a wärend ausserschouleschen Aktivitéite verbueden.

C. Ëmgang mat mobillen elektronesche Geräter (= Smartphone an aner elektronesch Geräter, déi eng Internetverbindung zouloossen)

  • Wärend de Schoulstonne a bei enger “Surveillance” dierfe mobil elektronesch Geräter net benotzt ginn a sinn ausgeschalt. Dës Apparater sinn an déi dofir virgesinne Holzkëschten ze leeën. Si dierfe punktuell benotzt ginn, wann den Enseignant et aus pedagogesche Grënn erlaabt oder wann eng medezinesch Ursaach virläit.
  • Op den Trapen dierfen aus Sécherheetsgrënn keng mobil elektronesch Geräter benotzt ginn.
  • An de Gäng dierfe mobil elektronesch Geräter just kuerz benotzt ginn (manner, wéi eng Minutt). Et ass net erlaabt mat deene Geräter Musek ze lauschteren, Filmer ze kucken oder ze spillen.
  • An der Fofzéng-Minutte-Paus, an der Mëttespaus an ausserhalb vun den normale Schoulzäiten (viru 7h55 an no 14h20) dierfe mobil elektronesch Geräter op follgende Platze genotzt ginn: Preau, Schoulrestaurant, Zuuz, Schoulhaff, Jugendtreff, CDI a Sëtzplazen um 3. Stack virum Lift bei den Informatiksäll.
  • Et ass net erlaabt Fotoen, Kommentarer oder Texter op een Internetsite ze setzen, wouduerch ee Member vun der Schoulcommunautéit ugegraff, blesséiert oder lächerlech gemaach gëtt. Fir Toun a Bild opzehuelen, brauch de Schüler am Virfeld eng Erlabnis vun all deenen, déi op der Opnam ze gesinn an/oder ze héiere sinn. Et brauch een eng zousätzlech schrëftlech Autorisatioun, fir Opnamen ze verëffentlechen oder weiderzeschécken. Och eng Foto, déi scho besteet, däerf een net publizéieren, ouni d’Awëllegung vun dem Fotographéierten respektiv dem Auteur vun der Foto (Droits d’auteur).

Ee gutt Schoulklima sou wéi d’Zesummeliewen am LGE betrëfft déi ganz Schoulgemeinschaft a jidderee leescht säi Bäitrag.

Gëtt géint déi gemeinsam Reegele verstouss, muss de Schüler d’Konsequenzen droen an déi disziplinaresch Moossnamen akzeptéieren, déi virgesi sinn.