Actualité

Liese kennt keng Grenze – Präisiwwerreechung un déi fläissegt Lieser vu 7e a 6e aus dem Escher Jongelycée.

Lesepass CDIDëst Schouljoer kruten op Initiativ vum C. Burton a N. Fiedler all d’Schüler vu 7e a 6e e “Liespass” ausgedeelt, an deen si all déi Bicher androe konnten déi si während dem Schouljoer an hirer Fräizäit gelies hunn. Et geet drëm, déi Schüler ze belounen, déi am meeschte Säite gelies hunn, an et gouf e Spezialpräis fir deejéinegen, deen déi meeschte franséisch Bicher gelies huet.

Deelgeholl hunn 50 Schüler vu 7e. Zesummen hunn si 413 Bicher an insgesamt 77 174 Säiten (dovun 11017 franséisch) gelies.

Um Podium als fläissegt Lieser stoungen um Enn vun dësem Concours : d’Claire Bodry mat 29 Bicher (9015 Säiten), den Omar Rastoder mat 17 Bicher (7964 Säiten) an d’Hana Musovic mat 20 Bicher (6002 Säiten).

No engem flotte musikaleschen Intermezzo vun de “Melomaniacs” (Gesang : Simone Martiny, Gittar : Yves Schulté) goufen och déi bescht Lieser vu 6e belount. Hei haten 28 Schüler deelgeholl, déi zesummen 366 Bicher an ëmmerhin 100 000 Säite gelies hunn. Bescht Lieserinne waren d’Merisa Hot mat 42 Bicher (18 660 Säiten!), d’Xenia Müller (30 Bicher / 11 501 Säiten) an d’Kyra Feiereisen (28 Bicher / 10 721 Säiten).

D’Marie Biver vun der Klass 74 an d’Julie Assel vun der Klass 64 kruten de Spezialpräis, well si am meeschte franséisch Säite während dësem Schouljoer gelies hunn.

„Liese mécht Freed“, sou de Pascal Bermes, Directeur adjoint vum LGE, dee selwer och ganz vill liest, bei der Präisiwwerreechung de 4. Juli am Festsall. Et bleift ze wënschen, dass dës Schüler a Schülerinnen hir Freed um Liese behalen an dëse Concours villäicht aner Schüler dozou encouragéiert, hir Liescapacitéit ënner Beweis ze stellen.

Merci un eis Sponsoren, d’Librairien ABC an DIDERICH, an de Grupp Utopolis, déi en Deel vun de Präisser gestëft hunn.

Gewënner 7e : Marie Biver (74), Hana Musovic (75), Claire Bodry (74), Omar Rastoder (75)
Gewënner 7e : Marie Biver (74), Hana Musovic (75), Claire Bodry (74), Omar Rastoder (75)

Gewënner 6e : Merisa Hot (64), Kyra Feiereisen (64), Julie Assel (64), Xenia Müller (62)
Gewënner 6e : Merisa Hot (64), Kyra Feiereisen (64), Julie Assel (64), Xenia Müller (62)