Dës aussergewéinlech Rees, déi no 2011 an 2013 fir d’drëtte Kéier vum Claude Pantaleoni organiséiert gouf, stoung ënnert dem Motto : „Rees op de Spuere vun den dräi grousse Weltreliounen“. Begleet goufen déi 31 zwëschen 16 an 18 Joer al Schüler/innen vun der Franséischprofessorin Carla Lucarelli, der Bibliothekarin Nancy Fiedler an den Hären Patrick Lombardi a Jean-Marie Wagner.
Ënnert der Leedung vun eiser israelëscher Reesguide, der Mme Naomi Ehrlich, déi eis all Moien mat „Freeeuuunde, … “בוקר טוב” (Boker Tov = Gudde Moien op Hebräesch) begréisst huet, hu mir an den 11 Deeg vun dëser Studierees vill iwwert déi historesch, reliéis an politesch Aspekter vun dëser Regioun geléiert.
Während der ganzer Rees ware mer verzaubert vun de wonnerschéine Landschaften an där schéiner Luucht : Besonnesch Erliefnisser waren hei en Tour mam Boot um Séi Genezareth, d’Schwammen am Doudege Mier, de Besuch vun der Oas En Gedi an e Sonnenopgang an der Wüst.
Niewent dem Besuch vu ville Siten mat grousser reliéiser Bedeitung, Kierchen, Moscheeën a Synagogen ass och de geschichtlechen Aspekt net ze kuerz komm : Mir hunn vill bedeitend archäologesch Sitte besicht : Bet She’an, Kafarnaum, Qumran a Masada fir nëmmen e puer vun deene Wichtegsten ze nennen.
Zu Akko, enger Stad mat enger mëttelalterlecher Zitadell, an op der Buerg Montfort krute mir e kuerzen Abléck an d’ Zäit vun de Kräizritter.
Déi méi rezent Geschicht vum Staat Israel an dem jiddesche Vollek ware Géigestand vun eise Visitten am Israel Museum an an der Knesset, dem israelesche Parlament zu Jerusalem.
Zwou Stonne Féierung duerch d’Holocaust-Gedenkstätt Yad Vashem huet eis all déif ergraff. Duerch perséinlech Dokumenter, Géigestänn, Fotoen an Erzielunge vun Affer an Täter gëtt engem déi ganz Grausamkeet vun der Juddeverfolgung während der Zäit vum Nationalsozialismus bewosst.
Een zimlech aktuellen Aspekt, deen déi ganz Regioun awer scho säit Joerzéngte beschäftegt, ass den israelesch-palästinensesche Konflikt. Mir hunn eis zu Jerusalem mat enger Mataarbechterin vun der ONG „Peace Now“ getraff a mat hir diskutéiert. Si schafft fir de „Settlement Watch Programm“ a setzt sech fir de Stop vum illegalen israelesche Siidlungsbau an, souwéi de Réckzuch aus de besatene Gebidder. Hir Organisatioun probéiert d’israelesch Bevëlkerung ze sensibiliséieren an op d’Konditiounen opmierksam ze maachen ënnert deenen d’palästinensesch Bevëlkerung an de besatene Gebidder lieft.
Déi lescht 4 Nuechte vun der Rees hu mir zu Bethlehem (dat an de palästinenseschen Autonomiegebidder läit) gewunnt a sinn zwee Mol vun do aus duerch en Checkpoint op Jerusalem gefuer. Am Géigesaz zur palästinensescher Bevölkerung war dat fir eis als Touristen ouni Problem méiglech.
D’Alstad vu Jerusalem
Mir hunn zu Jerusalem vill wichteg reliéis Sitte besicht, wéi z.B. d’Grabeskirche, den Uelegbierg mam grousse jiddesche Kierfecht an d’Grouss Synagog. Jerusalem huet eng wonnerschéin Alstad an ass fir dräi grouss Relioune vu Bedeitung. Esou begéint een op Schratt an Tratt chrëstlech Pilger, déi mat grousse Kräizer um Réck d’Via Dolorosa rop ginn, et héiert een den Opruff vum Muezzin zum Gebiet a gesäit vill ultra-orthodox Judden, déi ënnerwee bei d’Klagemauer sinn. Besonnesch freides, dem Dag vum grousse Gebiet vun de Muslimen, ass eng ganz speziell Ambiance. Ofgesinn vun deene ville gleewege Leit sinn och vill Touristen ënnerwee an op villen Stroossenecken gesäit ee Poste vum israelesche Militär. Och en obligatoresche Besuch am Souq huet zum Programm gehéiert.
Bethlehem
Bethlehem ass als Gebuertsstad vum Jesus ganz wichteg fir d’Chrëschten. Mat eisem arabesche Guide Samir hu mir d’Alstad entdeckt an hunn déi wichteg helleg Stätte vun de Chrëschten (d’Hiertefelder, d’Gebuertskierch) besicht. Interessant war de Besuch am Caritas Baby Hospital, engem moderne Kannerspidol, dat duerch eng Schwäizer Stëftung finanzéiert gëtt an och aarme Leit erméiglecht hir Kanner professionell medizinesch behandelen ze loossen. Hei si mir och vill iwwert dat alldeeglecht Liewe vun de Palästinenser gewuer ginn.
E puer Fakten zur Situatioun vun den Awunner zu Bethlehem :
Fir sech virun Attacke vun Selbstmordattentäter ze schützen, huet d’israelesch Regierung eng Grenzmauer baue gelooss. Si erlaabt et den israeleschen Autoritéiten genee ze iwwerwaachen, wien an Israel an- an ausreest.
Hei e Bild vun der Grenzmauer (zu Bethlehem) déi d’Beweeegungsfräiheet vun de Palestinenser massiv aschränkt an 8% vum Territoire vun de palästinensesche Gebidder weghëlt. Dës Foto weist d’Mauer direkt niewent dem Caritas Baby Hospital.
Männer ënner 55 Joer brauchen eng extra-Genehmegung fir iwwert d’Grenz (déi eigentlech bal ni ee kritt.) Doduerch sinn iwwer 40% vun den Awunner vu Bethlehem, déi virdrun zu Jerusalem geschafft hunn, säit dem Bau vun der Grenzmauer am Chômage.
Autoe mat palästinenseschen Nummereschëlter däerfen net an Israel. De Grënziwwertrëtt ass nëmmen ze Fouss an no ville Kontrolle méiglech.
Aus Angscht virun Attentater däerfen och Ambulanzen net iwwert d’Grenz fueren. Medizinesch Noutfäll mussen um Checkpoint emgeluede ginn. (Schwierig Operatiounen, z.B. um Häerz, kënnen awer nëmmen an Israel gemaach ginn.) Esou geet wichteg Zäit verluer. D’Elteren däerfen hir krank Kanner ouni Spezialgenehmegung net iwwert d’Grenz begleeden. Dës Genehmegung kréien si an der Regel réischt no 2-3 Deeg (heiansdo gëtt si och refuséiert).
Wéi op ville Plazen an de palästinensesche Gebidder gëtt et och zu Bethlehem säit 1950 e “provisoreschen” Flüchtlingscamp vun der UNO, an deem mëttlerweil Familljen a véierter Generatioun Liewen. Iwwer 5000 Leit wunnen hei op 0,71 km2!
Schüleraustausch zu Shefar‘Amr
Zu Shefar’Amr, enger Stad am Norde vun Israel hate mir en Austausch mat Schüler aus enger chrëschtlecher Privatschoul. An dëser Stad wunnen arabesch Israeli’en, dat heescht Palästinenser, déi d’israelesch Staatsbiergerschaft hunn. Ongefeier 20% vun den Awunner an Israel sinn arabesch Israelien, déi e vill bessere Liewensstandard wéi d’Awunner aus dem Westjordanland oder Gaza hunn. Allerdéngs sinn si a ville Beräicher am Vergläich zu den israelesche Judde benodeelegt : De Staat investéiert manner an d’Bildung an d’Infrastrukture vu Stied mat arabeschen Awunner. Dës diskriminéirend Politik huet natierlech Konsequenzen fir d’Zukunft vun den arabeschen Schüler : Duerch eng manner gutt Bildung hunn si méi e schwieregen Accès op d’Universitéiten a manner gutt Chancen um Aarbechtsmaart.
An der “Greek Catholic School” si mir moies vum Schouldirekter, de Proffen an hire Schüler am Festsall empfaang ginn. All Lëtzebuerger Schüler krut e “Partner” zur Säit, deen hien de ganzen Dag iwwer begleet huet. No engem kuerzen Exposé iwwert hir Schoul an d’Situatioun vun de Palästinenser an Israel si mir zesummen ze Fouss duerch d’Alstad gaang. An enger griichesch-kathoulescher Kierch krute mir Erklärunge vum Paschtouer an hunn zesummen Lidder gesongen. Duerno si mir eng al Synagog kucke gaang a kruten an der Moschee Erklärunge vum Imam. Fir déi meescht war dëst den éischten Besuch an enger Moschee iwwerhaapt (esouguer fir d’Schüler vun Shefar’Amr).
No enger erfrëschender Glace hu mir nach eng traditionnel Olivepresserei besicht an hunn als Ofschloss zesummen an der Schoul Falafel giess. Mir waren iwwerwältegt vun deem léiwen Empfang a vun hirer Oppenheet eis géigeniwwer. Dësen Austausch war fir béid Säiten e ganz besonnescht Erliefnis a villäicht ass deen Dag déi eng oder aner nei Frëndschaft entstan.
Als Androck bleift fir mech perséinlech : eng interessant Rees, op där mir enorm vill geléiert hunn, eng aussergewéinlech schéi Landschaft, eng räich Kultur, mä oft och e schwieregt Zesummeliewen zwëschen de verschiddene Bevëlkerungsgruppen, geprägt duerch Mësstrauen, Viruerteeler a vill Ongerechtegkeet.
Text: Nancy Fiedler (Korrektur : Claudine Bley) / Photos : Philippe Colbach, Maxime Theisen, Patrick Lombardi, Nancy Fiedler (selectioun : Christian Schaack) / Video : Uelzechtkanal