Actualité

Liesung mam Tom Decker

Den 21. Mäerz 2017 huet eng Liesung mam Tom Decker op der 7.1 an der 7.4 zum Kremart-Bichelchen „Tilly“ am CDI stattfonnt, dat immens gutt bei de Schüler ukomm ass. Si hate sech am Virfeld op de Besuch vum Auteur preparéiert a sech Froen iwwerluecht. Donieft hunn déijéineg, déi een Exposé am Virfeld zum Buch gehalen haten, ee Plakat fräi gestallte kënnen. Dës sinn zënterhier am Gank beim CDI ze bewonneren. D´Schüler waren extrem stolz, datt hir Aarbecht esou valoriséiert gouf. Nodeems den Tom Decker de Schüler dräi kuerz Extraite virgestallt huet, krute si d’Méiglechkeet, Froen zum Buch an allgemeng zum Schrëftstellertum ze stellen.

(Text : Claudine Bley)