Actualité

Remise des chèques vum Erléis vum Chrëschtmoart / Nuetslaf


 





Am Ganzen sinn ronn 8.000 € gesammelt ginn!

si ginn un 2 Projeten gespent :


Journal vom 8. Dezember 2016 : Seite 6

Schüleraustausch zu Shefar‘Amr

04 شفا عمرو Shefar'am Schulaustausch The Old Mosque (2)Zu Shefar’Amr, enger Stad am Norde vun Israel hate mir en Austausch mat Schüler aus enger chrëschtlecher Privatschoul. An dëser Stad wunnen arabesch Israeli’en, dat heescht Palästinenser, déi d’israelesch Staatsbiergerschaft hunn. Ongefeier 20% vun den Awunner an Israel sinn arabesch Israelien, déi e vill bessere Liewensstandard wéi d’Awunner aus dem Westjordanland oder Gaza hunn. Allerdéngs sinn si a ville Beräicher am Vergläich zu den israelesche Judde benodeelegt : De Staat investéiert manner an d’Bildung an d’Infrastrukture vu Stied mat arabeschen Awunner. Dës diskriminéirend Politik huet natierlech Konsequenzen fir d’Zukunft vun den arabeschen Schüler : Duerch eng manner gutt Bildung hunn si méi e schwieregen Accès op d’Universitéiten a manner gutt Chancen um Aarbechtsmaart.

04 شفا عمرو Shefar'am Schulaustausch (2)An der “Greek Catholic School” si mir moies vum Schouldirekter, de Proffen an hire Schüler am Festsall empfaang ginn. All Lëtzebuerger Schüler krut e “Partner” zur Säit, deen hien de ganzen Dag iwwer begleet huet. No engem kuerzen Exposé iwwert hir Schoul an d’Situatioun vun de Palästinenser an Israel si mir zesummen ze Fouss duerch d’Alstad gaang. An enger griichesch-kathoulescher Kierch krute mir Erklärunge vum Paschtouer an hunn zesummen Lidder gesongen. Duerno si mir eng al Synagog kucke gaang a kruten an der Moschee Erklärunge vum Imam. Fir déi meescht war dëst den éischten Besuch an enger Moschee iwwerhaapt (esouguer fir d’Schüler vun Shefar’Amr).

No enger erfrëschender Glace hu mir nach eng traditionnel Olivepresserei besicht an hunn als Ofschloss zesummen an der Schoul Falafel giess. Mir waren iwwerwältegt vun deem léiwen Empfang a vun hirer Oppenheet eis géigeniwwer. Dësen Austausch war fir béid Säiten e ganz besonnescht Erliefnis a villäicht ass deen Dag déi eng oder aner nei Frëndschaft entstan.

No der Rees hunn d’Schüler aus dem LGE decidéiert Suen ze sammelen fir der Schoul zu Shefar’Amr ze hëllefen hiren Sciences-Labo ze equipéieren.