Actualité

“Remise des Insignes” beim Mérite Jeunesse 2018

E Mëttwoch, den 18. Abrëll 2018, huet am Forum an der Stad d’Iwwerreechung vun den Ofzeeche vum Mérite Jeunesse stattfonnt. A Präsens vum fréiere Groussherzog Jean, dem Prënz Guillaume, dem Unterrechtsminister Claude Meisch, den Direktiounen aus de verschiddene Lycéeën, dem Comité an den Tuteure vum Mérite Jeunesse a villen houfregen Eltere sinn iwwert 240 Jonker geéiert ginn. Aus dem LGE kruten d’Julie Assel (4 5), d’Mara De Gregori (1C2) an d’Lola Wagner (1C2)  d’Bronzeofzeechen, während de Lorenzo Grilli (1F), de Mike Heinrich (1C2) an d’Ella Thill (4 1) mat Sëlwer belount goufen. Mer gratuléieren!

Informatiounen zum Mérite Jeunesse sinn um Site www.merite.jeunesse.lu ze fannen.