Actualité

LGE goes 68

LGE goes 68

50 Joer dono huet den Escher Jongelycée mat engem ganze Programm un deemols erënnert:


Kinobesuch um Belval fir all eis 3e an 2e – Schüler(innen) : Sixty8 vum Andy Bausch a Präsenz vum Réalisateur, Producteur an Zäitzeien : Lucien Blau, Frank Feitler, André Hoffmann, Pierre Puth a Robert Soisson


Ausstellung iwwert Protestbeweegungen zu Lëtzebuerg an am LGE ronderëm Mee 68 (Vernissage : Mëttwochs, den 9. Mee)

Ugefaangen bei der Protestversammlung vum Mee 68 am Festsall vum LGE fir méi Matbestëmmung vun de Schüler, esou wéi engem Cortège duerch Esch am Juni 68, iwwert Anti-Vietnamkrich-Demonstratiounen bis hin zu de groussen Schülerstreiken vun 1971 vermëttelt dës Ausstellung e klengen Androck dovun wéi dat deemools zu Esch an zu Lëtzebuerg ausgesinn huet.

Zeitungsartikelen, Flyeren, Fotoen, Affichen, an Zeechungen vum Pit Weyer a Robert Soisson aus där Zäit, souwéi Exemplären vun de Schüler- a Studentenzeitungen VOIX an RO’D WULLMAUS gi gewisen.

Op der anerer Säit ginn awer och méi rezent Wierker vu Kënschtler gewisen, déi dëse Sujet aktuell verschafft hunn: et sinn dëst Zeechungen a Karikaturen vun Schüler vun der V1/51 aus dem LGE, dem Claude Gengler, Snejana Granatkina, Olivier Jaminon, Guy Michels, Christian Schaack, Ingo Schandeler, Carlo Schmitz a Carlo Schneider.

D’Ausstellung um rez-de-chaussée vum Haaptgebäi bleift nach bis un d’Enn vum Schouljoer 2017/2018 op. (Méindes-Freides vun 8h-16h, ausser an de Schoulvakanzen)

Hei e puer Andréck vum Vernissage:



Literaresch a musikalesch Zäitrees an de Mee 68 mam Jhemp Hoscheit a Jules Arpetti am Festsall vum LGE (Mëttwochs, den 9. Mee)

an dëser Liesung aus dem Roman ‘Aacht Deeg an der Woch’ (Editions Guy Binsfeld, 2006) hu sech Text, Musek a Gesank vermëscht. Fir e klengen Androck vun dësem Owend ze kréien, lauschtert hei en Extrait aus der Emissioun « Mee 68 am LGE » vum 15. Mee 2018 um Radio 100,7


Liesung aus « Mat der Döschewo bei de Mao Tse-Tung » vum Lucien Blau (Mëttwochs, de 16. Mee)

Wéi liest een um Klappentext vum Buch : … de Lucien Blau (…) ass an dësem neie Buch e jonke Rebell, deen am Escher Lycée beim grousse Schülerstreik 1971 matmëscht, seng Proffen op de Beemchen dreift, sech politesch engagéiert, allerlee Turbulenzen erlieft, seng italienesch Wuerzelen nei entdeckt, duerch eng Hippie- an Disco-Phas geet, d’Roud Wullmaus zu senger léifster Lektür mecht an um Enn mat de Lëtzebuerger Maoisten a China reest, wou hien esouguer -de Clou vum Buch- vum Grousse Virsëtzende Mao Tse-Tung a Privataudienz empfaang gëtt…

De 16. Mee huet de Lucien Blau eis e puer vun deene Geschichten virgelies an eis domat un där Zäit deelhuele gelooss.



Merci un:

 Iddi / Konzept: Anne-Marie Dentzer, Christian Schaack, Nancy Fiedler, Christiane Burton

 Zeechnungen: Schüler vun der V1/51 aus dem LGE / Claude Gengler / Snejana Granatkina / Olivier Jaminon / Guy Michels / Christian Schaack / Ingo Schandeler / Carlo Schmitz / Carlo Schneider / Robert Soisson / Pit Weyer

Photos :  Lucien Blau / Henri Wehenkel / livre du Centenaire LGE (CD-Rom) / Photothèque VDL (Théo Mey, Tony Krier, Marie-Georgette Mousel)

Flyeren, Zäitschrëften, Zeitungsartikelen, soss Material, Erklärungen: Lucien Blau / Jhemp Hoscheit / Ed Maroldt / Leo Reuter / Robert Soisson / Henri Wehenkel / Lex Weyer / C²DH / Neimënster / Archives Tageblatt / Archives Revue

Lieszeechen : Sidney Scho (5.1) / Mise en page : Joe Hoffmann

Reportage : Uelzechtkanal

MERCI OCH UN d’Zäitzeien déi am Kino fir d’Projectioun vum Film Sixty8 vum Andy Bausch dobäi waren an de Schüler vun 3e/2e hir Froen beäntwert hunn / vu fréier erzielt hunn: Lucien Blau, Frank Feitler, André Hoffmann, Pierre Puth, Robert Soisson.

tirages photos grand format: Jean-Paul Kieffer

Service technique LGE

Finanziell Ënnerstëtzung fir d’Séance am Kino: AVEK / LGE