Actualité

Octobre rose: den LGE sensibiliséiert mam CHEM d’Jugend zum Thema Broschtkriips


Am Chem hunn d’Schüler vun der 1ère E an der Photosoptioun aus dem LGE eng Ausstellung organiséiert fir iwwert de Broschtkriibs ze informéieren.


D’Arbechten vun de SchülerInnen :


D’Fotoen vun der Preparatioun a vum Vernissage:


D’Schüler vun der 1E an denen zwou Klassen aus der Optioun Fotographie contemporaine hun den Broschtkriips op perséinlech Art a Weis thematisiert. Nodeems se am CHEM genauestens vun Doktoren, Infirmièren an zwou Patientinnen informéiert goufen, hun d’E Schüler een Tatouage zum Thema entworf. An teschenzait hun d’3ièmes Schüler an der Optioun am Studio Partien Haut fotograféiert. Op des Biller hun zum Schluss d’E Schüler hir Tatouage gefotoshopt. Dernierwt hun awer och nach d’Schüler vum Niveau 1ière an 2ième an der Optioun kleng Geschichten mat Fotoen zum Thema erschaaf. D’Resultater sin nach bis den 7. Januar an der Cafeteria vum CHEM ausgestellt a gin duerno am CHL esou wie am Ettelbrécker Spidol gewisen.