Actualité

Workshop zum Thema « Entdeeë vum Permafrost » fir d’Schüler vun der 3G

Am Kader vun de Geographiescours’en hunn de 14.11.2019 d’3G Schüler aus dem LGE un Workshop’en deel geholl déi sech mam Liewen an der Fuerschung an de Polarregioune beschäftegt hunn a méi speziell mat den Auswierkunge vum Entdeeë vum Permafrost op de Klimawandel. D’Schüler konnten sech an dëse Workshop’en déi vu polar.lu an Zesummenaarbecht mam script a mam FNR organiséiert gi si mat 3 Polarfuerscher austauschen an hunn unhand vu prakteschen Aufgaben a Spiller Notiounen aus dem Géoscours verdéiwe kënnen.