Actualité

Cantor Day am LGE (0,3032020)


 





Nom grousse Succès vun eisem Euler-Dag den 2.7.18 huet den Dënschden 3.Mäerz eisen Aleph-Dag am LGE zum 175. Gebuertsdag vum Cantor statt fonnt. Dem Georg Cantor ass et no ville Préliminairen (Galilei, Leibniz, Newton, Wallis, Fourier, Dedekind, asw.) definitiv gelongen, dem aristotelesche Weltbild den Doudesstouss ze versetzen an Onendlechkeeten ze formaliséieren an ze klasséieren. Hien ass awer net wéinst der Mathematik dohannert geckeg ginn, wéi vill Leit, déi eis kennen, bestëmmt denken, mee well seng Theorie laang, an esouguer vun sengem Tuteur, dem Kronecker, net unerkannt waren. Eréischt den David Hilbert huet gesot: „Aus dem Paradies, das Cantor uns geschaffen, soll uns niemand vertreiben können.“

Programm vum CANTOR-Dag am LGE:

  • D‘Mathematiker hu Workshoppen zum Aleph-0 fir déi Kleng (virgestallt vun der 5e5 am Sall 204 an 205) an Aleph-1 fir déi Grouss (virgestallt vun der 3eB an der Info1) de ganze Moien, wou bestëmmte Klasse vun 8h-12h kucke kommen.
  • D‘2eB kritt (am Sall 203) e spezielle Cours vun 8-10 iwwert d’Hypothèse du Continu an déi transfinit Zuele vun der Mme Wenandy an dem Här Mainini gehalen.
  • Den Norbert Campagna hält vun 10h-11h e Virtrag iwwert de kulturhistoreschen Hannergrond (« histoire de l’infini ») am Festsall fir alleguer d‘2èmen.
  • An der Sportshal gëtt de ganze Moien de Q-Danz (choreographéiert vun der Mme Giusto, mat gemoolte Schëlder vun der E-Sektioun) vun der 5e1 a 5e3 opgefouert, wou d’Ofzielbarkeet vun de rationalen Zuelen nogespillt gëtt.
  • D‘6e1, d‘6e2, d‘4e1 an d‘2eG hunn och Panneauen zum Cantor op verschiddene Plazen ausgestallt.