Actualité

Fotosausstellung « An de Stroossen vun Esch » geet op

Ab dësem Weekend hänken iwwert 100 Fotoen déi d’Schüler vun den Optioune « Photographie contemporaine » (1ière/2ième/3ième) aus dem LGE gemaach hunn. Sie weisen Esch duerch de Bléckwénkel vun der Stroossefotografie mat ville verschiddene Momenter, Atmosphären a Plazen. Gesinn kann een d’Biller nach bis an den Hierscht am Tunnel vum Gronn an der Stad Lëtzebuerg.