Actualité

My Way vum Frank Sinatra : de neie Projet ënnert der Leedung vum Jo Thiel a Sidney Scho

Hei sinn mer erëm, an des Kéier mam Lidd « My Way » vum Frank Sinatra. Mam Sidney Scho, deen alles arrangéiert an a sengem Studio produzéiert huet, an dem Thiel Jo, deen d’Videoen zesummen geschnidden, an um Saxophon Alt gespillt huet. An mer haten esou guer ee Special Guest erëm dobäi, d’Anne-Marie Muller op der Gei. Trotz dass Corona elo halbwegs eriwwer ass, hunn mer eis awer arrangéiert och d’Leit drun ze erënneren ëmmer hiren eegene Wee ze goen, an sech vu kengem beaflossen loossen.


Heal the world : e Projet ënnert der Leedung vum Jo Thiel a Sidney Scho

Eng Rei vun Schüler vill dovun aus dem LGE,  hunn dese Projet ermeiglecht. Wie d’Noriicht ugekënnegt gouf «Doheem bleiwen» bis den 11 Mee, geet engem direkt duerch de Kapp, datt een elo keng Kolleegen mäi géif gesinn, a keng Museksprouf kann goen an och fir eng weil net mäi an d’Schoul kennen goen. Bref, heescht also et misst een op déi sozial Kontakter verzichten. An deem Abléck koum dem Jo Thiel d’Iddie fir mat sengen Kolleegen, déi die selwecht Leidenschaft mat him deelen, eppes zesummen ze ënnerhuelen: E schéint Lidd spillen, fir des schwéier Zäit besser a méi liicht ze iwwerwannen. No kuerzer Iwwerleeung ass dem Jo dem King of Pop säi Lidd « Heal the World » agefall, dëst géif dach an dësem schwéieren Zäitpunkt eis Gesellschaft hoffentlech nees zum Nodenken bréngen. Ouni ze zecken huet de Jo dem Sidney Scho vun sengem Projet erzielt, an hien huet prompt seng Hëllef ugebueden a sou hunn sie sech an eng nei Erfarung lancéiert. Den Internet ass op vollen Touren gelaf a mir waren onmoosseg frou, dat mir esou vill Musekskolleegen vun eisem Konzept begeeschtert kruten. Duerch des Kris ass net nëmmen eng eemoleg Frëndschaft zweschen dem Jo a dem Sidney entstanen, mee et ass och nach zousätzlech schéin ze wëssen, datt een sech op seng Kolleegen verloossen kann.