Actualité

Mérite Jeunesse 2020

De „Mérite Jeunesse“ wëllt Jonker tëschent  14 a 25 Joer dozou encouragéieren, sech op gesellschaftlechem Plang ze engagéieren. Déi Jugendlech erhalen doduerch d’Méiglechkeet  sech selwer besser kennenzeléieren, mat anere Benevollen ze kooperéieren a virun allem hir eege Fäegkeete weiderzeentweckelen.

De Präis ass ervirgaangen aus dem „Duke of Edinburgh‘s Award“, deen 1956 fir d’éischt an England iwwerreecht ginn ass. Am Laf vun de Joren huet de Programm sech a méi ewéi 140 Länner op der ganzer Welt erfollegräich duerchgesat.

En Dënschden, den 14. Juli 2020, sinn dräi Schülerinnen aus dem LGE fir hiert Engagement geéiert ginn: si kruten den Sëlwernen Mérite Jeunesse :

  • Lee BOTH (1F)
  • Merisa HOT (2A)
  • Liz BURTON (2B)

Mer gratuléieren!

Weider Informatiounen zum Mérite Jeunesse sinn um Site www.merite.jeunesse.lu ze fannen.