Actualité

Concours National Jonk Fuerscher

All Joër (säit 1971) organiséiert déi Fondatioun de „Concours Jonk Fuerscher“, de Pendant zu „Jugend forscht“ an Däitschland :http://www.fjsl.lu/concours-national-jonk-fuerscher-1
Dat ass eng immens flott Initiativ fir all Jonker tëschent 11 an 21 Joër, den alleng oder an der Ekipp (bis zu 3) e wëssenschaftléche Projet ugoën.
A „wëssenschaftléch“ heescht hei net onbedéngt „naturwëssenschtléch“, mais genee esou gudd human-, kultur-, litteratur-,…. wëssenschaftléch!Jiddereen, den séch eng Fro stellt an déi dann probéiert ze klären ass wëllkomm.
An den Avantage zu Lëtzebuerg (well mir esou kleng sin): jiddereen de matmécht gewënnt wonnerbar Präisser!
Den 12.11. ass eng Informatiounveranstaltung vun der Mme Natalie von Laufenberg vun der FJSL am Festsall fir 2e an 3e B an C