Actualité

Ausserschoulesch Aktivitéiten a Corona-Zäiten : Schauspill, Gesang an Danz ënner spezielle Mesuren am LGE (RTL-Reportage)

Vum Lynn Cruchten (Télé)|Update: 06.12.2020 21:46

Virun 30 Joer gouf am Escher Jongelycée de Cabaret Geoghelli an d’Liewe geruff. Och elo a Corona-Zäiten treffe sech hei déi Jonk.

Virun 30 Joer gouf am Escher Jongelycée de Cabaret Geoghelli an d’Liewe geruff. Ënnert der Leedung vum Patrick Engel ginn all Joer Theater-Coursen ausserhalb de Schoulzäiten organiséiert. All Schüler, dee sech fir Schauspill, Gesang oder Danz intresséiert, ass am Grupp wëllkomm.

An den éischte Jore goufe bei de Virféierungen ëmmer kuerz Sketcher opgefouert, spéiderhi waren et du komplett Musical-Produktiounen.

Zënter der Corona-Pandemie ass awer och de Plang vun der Geoghelli-Ekipp op d’Kopp geheit ginn. Déi grouss Best Of Show fir den 30. Anniversaire am September 2020 ass ausgefall an d’Theatercoursen hu wéinst de sanitäre Mesurë missen ugepasst ginn.

Elo wärend dem partielle Lockdown dierfen d’Schüler an d’Schülerinne weiderhin am Festsall vum LGE prouwen, allerdéngs si se an zwee Gruppen opgedeelt. Déi eng treffe sech freides no der Schoul, déi aner hu samschdes Cours. An all Prouf sinn déi Jonk och mat Masken, Visièren an Händchen ekipéiert. Alles wat ugepaakt gouf, gëtt duerno desinfizéiert an op der Bün gëtt mat Hëllef vu Scotch a Reefer déi néideg Distanz agehalen.

D’Konditiounen, ënnert deenen d’Schüler aktuell hir Texter virdroen, sangen an danzen, si sécher net ideal, ma de Geoghelli-Grupp ass frou, iwwerhaapt kënne weiderzemaachen. Et géif een och mierken, wéi wichteg déi sozial Kontakter baussent der Schoul fir déi Jugendlech wieren, esou de Patrick Engel. Dacks géif an enger Prouf och vill geschwat gi mat de Kanner, déi sech an dëser Krisenzäit ganz vill Froen iwwert hiren Alldag an d’Zukunft géife stellen.

Den Ament wier et dofir niewesächlech, wat geprouft géif ginn, mee vill méi wichteg wier et, dass eng Prouf kéint organiséiert ginn an déi Jonk aus verschiddene Klasse sech kéinte gesinn, ënnereneen austauschen an zesumme Spaass hunn.

D’Produktioun fir den 30. Anniversaire vum Cabaret Geoghelli soll iwwregens, wann et da méiglech ass, am September 2021 nogeholl ginn.


Source et (c) : RTL : https://www.rtl.lu/news/national/a/1625848.html