Actualité

Den LGE a Chrëschtstëmmung : Christmas Charity Deeg 2020


Léif Kolleeginnen, léif Kolleegen,

Léif Schülerinnen, léif Schüler,

Och wann de Chrëschtmoart dëst Joer net wéi gewinnt duerf ofgehale ginn, soll et am LGE net u Chrëschtdagsstëmmung feelen. Dofir hu mir eis verschidden Aktivitéiten afale gelooss, déi vum 9. bis den 18. Dezember 2020, am Kader vum Charity Day stattfanne sollen. Den Erléis gëtt un eng Associatioun gespent. Nieft de Beemercher*, déi d’Klassen dekoréiere kënnen, gëtt och un zwee Deeg en Dresscode festgeluecht. Béid Aktivitéite wäerten a Form vun engem Contest ofgehale ginn, bei deem jeeweils de Gewënner mat engem Präis belount gëtt. Zousätzlech ginn de Kleeschen a säi Gesell duerch d’Klassen, fir de Schüler eng Klengegkeet auszedeelen. Loosst se och an dëser méi spezieller Zäit net virun der Dier stoen. Déi sanitär Reegele wäerten agehale kënne ginn.

Beim éischte Contest sollen d’Proffen ewéi d’Schüler mat Hëllef vu Spende fir de schéinste Chrëschtbeemchen ofstëmmen. Heifir steet vum 9. bis de 16. Dezember eng Këscht an der Konferenz an am Büro vun de Sportsproffe bereet, an déi dir eng beschrëften Enveloppe mat de Sue kënnt ageheien. Dee Beemchen, deen déi meeschte Spende kritt huet, gëtt Donneschdes, de 17. Dezember iwwert de Schierm verkënnegt. All Spend ass wëllkomm an et ass kee Mindestmontant gesat.

Den zweete Contest gëtt jeeweils Freides, um leschte Schouldag vun den A/B-Gruppen, ofgehalen. Fir d’Chrëschtstëmmung nach méi present ze maachen, ass en Dresscode festgeluecht (rout/gréng Accessoiren, Kleeserchersmutzen, etc). De/déi best-dressed-Schüler/Professer/Grupp/Klass gëtt vum Schülercomité erausgesicht an de Gewënner gëtt dee selwechten Dag iwwert de Schierm verkënnegt.

An deem Sënn wënsche mir eng schéi Chrëschtzäit


 Den LGE a Chrëschtstëmmung : vum 9. bis den 18. Dezember 2020 : Programm

Vum 9. bis de 16. Dezember:

  • Dekoratioun vun de Chrëschtbeemercher*

Freiden, den 11. Dezember:                                        

  • Dresscode „X-mas“ fir de Grupp A (+cycle inf.) (gréng/rout Accessoiren, Kleeserchersmutzen, etc.)
  • Kleeserchersfeier vun de Premièren (9h00-12h00)

Dënschden, de 15. Dezember:

  • Kleeserchersfeier vun de Premièren (9h00-12h00)

Mëttwoch, de 16. Dezember:                           

  • Schluss vun der Ofstëmmung (12h00) (Chrëschtbeemercher)

Donneschden, de 17. Dezember:                                 

  • Verkënnegung vum Gewënner vum„Chrëschtbeemerchers-Contest“

Freiden, den 18. Dezember:                

  • Dresscode „X-mas“ fir de Grupp B (+cycle inf.)(gréng/rout Accessoiren, Kleeserchersmutzen, etc.)

Mir wënsche vill Freed beim Dekoréieren an Ofstëmmen!


Zousätzlech Informatioune fir d’Umeldungsfiche:

All Klass/Grupp/Schüler, déi/dee sech um Chrëschtbeemerchers-Contest wëll bedeelegen, ass gebieden e Responsabelen erauszesichen, dee si beim Rëschte vum Beemche begleet. Ob dat an der Schoulzäit oder ausserhalb vum Cours geschitt, sollen d’Schüler mam Responsabele klären. Nodeems de Responsabelen d’Umeldungsfiche u folgend E-mail lynn.jankowski@education.lu weidergeschéckt huet, kritt deen d’Nummer vum Beemche geschéckt, dee si rëschte sollen.

Wat méi fréi gerëscht gëtt, wat d’Chance méi grouss ass, dass vill Schüler an Enseignanten d’Beemercher gesinn an dofir ofstëmmen. D’Schüler kënnen entweder kreativ ginn a selwer eppes bastelen, fir de Beemchen ze dekoréieren oder si bréngen eppes vun doheem mat, wat hinne besonnesch gefält. De Gewënner gëtt en Donneschden, de 17. Dezember iwwert de Schierm verkënnegt a ka sech de Präis an d’Schülersekretariat ofhuele goen.

Falls nach Froe sinn, zéckt net dem Claudine Bley oder dem Lynn Jankowski iwwer Teams ze schreiwen oder eng E-mail u claudine.bley@education.lu oder lynn.jankowski@education.lu ze schécken.

 Villmools Merci am Viraus fir d’Engagement beim Charity Day


All Informatiounen an d’Umeldungsfiche als PDF : HEI klicken!