Actualité

Reportage vun RTL iwwert de retour an d’Schoul am LGE

Schüler no enger Woch Homeschooling zeréck an de Schoulen

Vum Fanny Kinsch (Radio), Christophe Hochard (Télé)|Update: 11.01.2021 18:21

 

Et gëlle verschidde Recommandatioune vum Ministère an d’Schoul-Direktioune versichen, déi eenzel Mesuren, esou gutt et geet, ëmzesetzen.

Zanter e Méindeg ginn d’Schülerinnen an d’Schüler zu Lëtzebuerg nees an d’Schoul, nodeems se no der Chrëschtvakanz fir eng Woch doheem geléiert hunn. Fir d’Pandemie am Grëff ze halen, gëllen awer nach ëmmer eng Rei Reegelen an op deenen héije Klassen am Lycée ass en Deel vum Cours och nach ëmmer op Distanz. Mir ware fir déi kleng Rentrée op Esch an de Jongelycée luussen.

« Bien messieurs, mesdames – dans des conditions un peu particulières aujourdhui, nous allons commencer le cours de l’année 2021. Je vais vous envoyer des documents pour aujourdhui et pendant que je fais cela, abordons de manière synthétique, l’actualité. »

De Christian Welter ass Franséisch- an Italieneschenseignant am Jongelycée zu Esch. Hien huet sech ganz fréi organiséiert, fir seng Schüler kënnen op Distanz ze betreien.

« Mir hunn zënter Mëtt Mäerz hu mer all Dag Video-Cours gehat. Dat war vläicht d’Ausnam, mee ech wosst vun Italien aus wat géif kommen, a mir ware prett de 16. Mäerz. Dat heescht si hunn an deem Sënn an deem Fach guer kee Retard a well et eng kleng Klass ass an e permanenten Austausch war, huet dat gutt fonctionéiert. »

Bei méi grousse Klassen, an och ofhängeg vum Fach, wier dat awer zum Deel méi komplizéiert.

« Dat eent, dat si Klasse mat wéineg Schüler. Wa mer do op Distanz schaffen, ass dat eppes ganz aneschtes. Do hunn ech d’Erfarung gemaach, dass d’Schüler vu sech aus och d’Kamera umaachen. An deene klenge Gruppen hu mer eng aner Form vun Intimitéit och an da wierkt dat guer net méi sou anonym oder steril. Bei grousse Klassen, 26-28 Schüler, ass et och wat de Reseau ubelaangt net onbedéngt gérabel, dass do jidderee seng Kamera a säi Mikro umécht, dat heescht d’Gewunnecht ass déi, dass jiddereen alles aus huet ausser déi Persoun, déi schwätzt. »

Am Gebai vum Jongelycée huet jiddereen eng Mask un – et géif him mëttlerweil net méi wierklech opfalen, seet de Christian Welter.

« Wat awer echt ass, dass ech net weess, wéi eng ganz Rëtsch vu menge Schüler wierklech ausgesinn, ouni Mask, zënter dem Ufank vum Joer schonn. Well ni e Moment do war, wou ech se ouni erlieft hat. »

Den Ament sinn all Woch 750 Schüler am Gebai an 200 gi vun Doheem enseignéiert, sou den Direkter vum Escher Jongelycée Pascal Bermes.

« Positiver hate mer 57 Schüler, 6 Enseignanten, 1 aus dem Service technique an 2 aus der Direktioun. A Quarantän hate mer 3 ganz Klassen. »

Fir d’Ausbreede vum Virus ze limitéieren, gëtt déi nächst Wochen op den héije Klasse weider zum Deel vun Doheem geléiert. D’Schüler, mat deene mer geschwat hunn, sinn awer léiwer an der Klass.

« Doheem huet ee manner Konzentratioun, well ee sech duerch alles kann oflenke loossen. »

« Ech hunn och e Brudder a bei eis ass den Internet doheem net sou gutt, an heiansdo da schneit dat einfach of an da schwätzt de Proff weider, mee ech héieren näischt. Oder ech ginn einfach aus dem Meeting erausgehäit, well den Internet et net packt. »

« Dat eenzegt flott dru war, dass ee méi laang schlofe kann. Wann ee méi jonk Geschwëster huet, da lafe se ran a wëllen eppes, da muss ee si animéieren an och op den Ecran ze kucken ass schrecklech. »