Actualité

Scheckiwwerreechung vum Charity Day

Well am Dezember 2020 Corona-bedéngt kee klassesche Chrëschtmaart statt fanne konnt haten d’Mme Bley an d’Mme Jankowski eng wonnerbar Iddi fir awer e bësse festlech Stëmmung opkommen ze loossen : si hunn d’Chrëschtbeemercher déi mir all Joer vun der Escher Gemeng kréien am Gebai verdeelt opstelle gelooss an all Klass huet dierfen ee Beemche rëschten.

Duerno konnt fir de schéinste Beemchen ofgestëmmt ginn andeems ee Sue gespent huet. D’Klass 51 huet besonnesch vill Engagement gewisen. Net nëmmen hunn si hire Beemchen schéi gerëscht, si hunn och besonnesch vill Sue gesammelt: am Gebai an och an der Noperschaft vum LGE. Sou hunn si dëse Concours gewonnen.

Et goufen am Ganzen 2500 € fir e gudden Zweck gesammelt. BRAVO! Den Erléis vun dësem Joer geet un zwou Organisatiounen:

  • Nadiezhda asbl (Madagaskar) (1250 €) – infos : www.nadiezhda-asbl.com Dës Organisatioun ënnerstëtzt eng Schoul fir Meedercher a Madagaskar. Meedercher hunn do oft manner gudd Bildungschancen an duerch dës Schoul kréien si d’Méiglechkeet eppes fir hirt spédert Liewen ze léieren, eng Première ze maachen an esouguer duerno studéieren ze goen.
  • Teatro Bus Chile (Niños de la Tierra) (1250 €) – infos : www.teatrobus-chile.comwww.niti.lu De Projet vum Teatro Bus gëtt vun enger Lëtzebuergerin geleet déi an engem Aarmevéirel vun Santiago de Chile Kanner a Jugendlechen eng Fräizäitaktivitéit bitt déi hinne Selbstvertraue gëtt an hinnen doduerch aner Perspektiven weist wéi d’Liewen an der Aarmut an op der Strooss. Finanziell Ënnerstëtzung kréien si duerch d’asbl Niños de la Tierra déi sech em Projeten a Bolivien, dem Peru an am Chile këmmert.

De 5. Juli war d’Präisiwwerreechung a Präsenz vun der Klass 5.1. an hirer Regente Mme Christiane Hamen: (photos : (c) Raoul Trentin)









Hei nach e link op d’Fotoen vun all de schéine Chrëschtbeemercher : www.lge.lu/2020/12/christmas-tree/