No enger laanger Paus wéinst der Covid-Pandemie konnt eisen Theater-Grupp DramatEsch den 30 September endlech erëm viru Publikum optrieden.
Eis jonk talentéiert Schauspillerinnen hunn sech a witzegen an deels och kritesche Stécker mat aktuellen Themen auserneegesat an och klassesch tëschemënschlech Problematike sinn an de Stécker opgetaucht.
Den Titel « Hoffentlech wird es nicht so schlimm wie es schon ist » huet sech fir d’Publikum net erfëllt, well et war nach vill besser wéi si sech et erwaart haten!
E Bravo un eis Schauspillerinnen! Bach Lana – Bauer Elena – Becker Chiara – Kleman Amy – Kozar Sandra – Leidner Sara – Lestavel Zélie – Pagliarini Giulia – Schaefer Luz – Schreiber Anissa – Wagner Julie
Affiche : (c) Carlo Schmitz
Regie : Christiane Burton & Carla Lucarelli
Musikalesch Begleedung : Sidney Scho
Technik : Jonathan Mengozzi
Fotoen vum Här Schaack :
Fotoen vum Här Weyer :