Actualité

DramatEsch « Hoffentlich wird es nicht so schlimm wie es schon ist » : Fotoen vun der Virstellung

No enger laanger Paus wéinst der Covid-Pandemie konnt eisen Theater-Grupp DramatEsch den 30 September endlech erëm viru Publikum optrieden.

Eis jonk talentéiert Schauspillerinnen hunn sech a witzegen an deels och kritesche Stécker mat aktuellen Themen auserneegesat an och klassesch tëschemënschlech Problematike sinn an de Stécker opgetaucht.

Den Titel « Hoffentlech wird es nicht so schlimm wie es schon ist » huet sech fir d’Publikum net erfëllt, well et war nach vill besser wéi si sech et erwaart haten!

E Bravo un eis Schauspillerinnen! Bach Lana – Bauer Elena – Becker Chiara – Kleman Amy – Kozar Sandra – Leidner Sara – Lestavel Zélie – Pagliarini Giulia – Schaefer Luz – Schreiber Anissa – Wagner Julie

Affiche : (c) Carlo Schmitz

Regie : Christiane Burton & Carla Lucarelli

Musikalesch Begleedung : Sidney Scho

Technik : Jonathan Mengozzi


Fotoen vum Här Schaack :


Fotoen vum Här Weyer :