Actualité

LGE Chrëschtmoart 2021 : engagéiert Iech fir e gudden Zweck!


Dënschdes, de 14. Dezember 2021 fënnt vu 17 bis 20 Auer déi véiert Editioun vum Chrëschtmoart am Escher Jongelycée statt.

All Klass, déi Loscht huet dorun deelzehuelen, kann e Stand um Chrëschtmoart ubidden. Dat kënnen zum Beispill Iess-, Gedrénks-, Tombola-, Spill- oder Konschthandwierksstänn sinn.
De Moart gëtt esouwuel am Preau, an der Kantin ewéi och an engem Zelt an am Schoulhaff ofgehalen. Fir dass dës Manifestatioun nees en Erfolleg gëtt, si kreativ Iddie vun all de Klasse gefrot. Aus deem Grond brauch d’Organisatiounsteam vum Chrëschtmoart, bis Freides, den 12. November 2021 Virschléi, déi zu der Reussite vum Chrëschtmoart bäidroe kënnen.

De Formulaire fir d’Umeldung kritt all Klass laanschtbruecht. Dëse soll wgl. am Schülersekretariat ofgi ginn.

Am Kader vum Charity Day gëtt den Erléis, ewéi gewinnt, un zwou Associatioune gespent. Fir all weider Froen, kënnt dir iech entweder un d’Schülersekretariat wenden oder eng E-mail un
claudine.bley@education.lu schreiwen.

Merci am Viraus
Mir hoffen op Äert Engagement!
D’Organisatiounsteam vum Chrëschtmoart


Flyer mat Umeldungsfiche als PDF