Actualité

De Chrëschtmaart am LGE war erëm e grousse Succès!

2021 konnt no engem Joer Paus erëm e Chrëschtmaart stattfannen. Et wor trotz strenge Mesuren eng flott Ofwiesselung fir jiddereen an et sinn erëm vill Suen fir de gudden Zweck gesammelt ginn. Dëst Joer geet den Erléis un dës zwou Organisatioune:

  • d’Stëmm vun der Strooss
  • Centre LGBTIQ+ Cigale

D’Scheckiwwerrechung ass den 28.03.2022 um 13h30 am Festsall.

E grousse Merci un all d’Schüler*innen, hir Proffen, de Schülercomité, d’APELGE an dat administrativt an technescht Personnal déi alleguer dozou bäigedro hunn dass de Chrëschtmaart e Succès wor. Merci och un all d’Visiteuren, d’Elteren a Familjen vun eise Schüler*innen, en all dFrënn a Noperen vum LGE déi deen Owend laanscht komm sinn !


Hei e puer Impressioune vum Chrëschtmaart 2021 : (photos :(c) Elena Krumlowsky)