Actualité

« Zesumme bake mir dat » : Kuchverkaf zu Gonschte vun den ukrainesche Krichsflüchtlinge huet 1200€ erabruecht!

Insgesamt goufen ënnert der Leedung vun der Madamm Thimmesch 1200€ duerch de Verkaf vu Kuch an de Pausen verdéngt. D’SchülerInnen vun e puer Schoulklassen (7.2, 7.4, 6.3, 6.6, 5.4 an 4.3) hunn « dat zesumme gebak » an sech doduerch virbildlech engagéiert. E grousse MERCI fir hirt Engagement! Dës Suen spenden si un d’Associatioun « Ad Pacem Servandam » déi ënnert der Leedung vum Här Pantaleoni steet. Si hëllefen Leit aus der Ukraine déi op Lëtzebuerg geflücht sinn an engagéieren sech awer och schonn zanter e puer Joer am Krichsgebitt an der Ostukraine.