Actualité

Stage géologique vun der Klass 3G2

D‘3G2 erfuerscht d’Geomorphologie vum Äischdall um VTT-Tandem

De 16. Mee huet d’3G2 d’Geomorphologie vum Äischdall um Tandem duerch praktesch geographesch Experimenter kennegeléiert. Si hunn de Sandsteen ënnersicht, d’Meandere vun der Mandelbaach analyséiert, Däiwelskralle fonnt an op der Reiterlee d’Formatioun vun der spektakulärer Landschaft erkläert.




D‘3G2 op geologescher Sortie am « Minette »

Den 10.6. huet d’3G2 d’Regioun vum Minette-Steen besser kennegeléiert. Si hu geléiert, wisou dës geologesch Schicht sou wichteg fir eis Lëtzebuerger Geschicht ass an a wéiwäit se eis Landschaft präägt.