Actualité

Den LGE war zu Iechternach op der Sprangprozessioun

D’Iechternacher Sprangpressessioun geet net, wéi sou munch Leit ëmmer nach mengen, dräi Schrëtt novir an zwee nohannen. D’Schrëtt gi villméi vu riets no lénks an zwar ëmmer novir. Dee Rhythmus haten d’Schülerinnen a Schüler vun der 7e2 a 7e4 séier eraus. Zesumme mam LHCE kruten se aacht Reien an der Pressessioun zesummen. D‘Sprangpressessioun ass weltwäit eenzegaarteg a steet ënnert dem Schutz vun der UNESCO als eent vun den immaterielle Kulturgidder.