Actualité

Scheckiwwerreechung Soroptimist an Rotary

De Club Soroptimist Minett1 huet vun enger Versammlung profitéiert, fir dem Direkter vum Lycée de Garçons Esch, dem Här Pascal Bermes, e Scheck vun 2.800€ ze iwwerreechen. 

Den Här Bermes huet sech iwwert de Geste gefreet. En erlaabt dem Lycée, hirer CLIJA+-Klass fënnef iPaden ze kafen, déi de Schüler aus där Klass zur Verfügung stinn. 

De Montant ass ervirgaangen aus dem Erléis vu verschiddenen Aktivitéiten, notamment aus engem Krëscht- an engem Ouschtermaart, déi de Club am CHEM ofhale konnt. 

Fir d’Soroptimisten ass d’Educatioun e ganz wichtege Punkt, deen hinne besonnesch um Häerz läit, an dofir si si houfreg, den LGE bei hirem Projet ënnerstëtzen ze kënnen. 

1: https://www.soroptimist.lu/clubs/minett, https://www.soroptimist.lu/a-propos/nos-principes